James Dean
Den James Byron Dean, gebuer den 8. Februar 1931 zu Fairmont am Indiana, a gestuerwen den 30. September 1955 zu Salinas a Kalifornien, war een US-amerikanesche Schauspiller.
James Dean | |
---|---|
![]() | |
Gebuertsnumm | James Byron Dean |
Gebuer |
8. Februar 1931 Marion |
Gestuerwen | 30. September 1955 |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Santa Monica College, University of California |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Theaterschauspiller, Autospilot, Schauspiller |
Den James Dean huet seng Carrière als Theaterschauspiller um Broadway ugefaangen. Hie gouf bekannt duerch de Film East of Eden, nom Roman mam selwechten Numm vum John Steinbeck, deen den Elia Kazan 1955 gedréint huet. Des Weiderenn huet hien 1955 d'Haaptroll an Rebel Without a Cause gespillt. Nach ier säi leschte Film Giant 1956 erauskoum, ass den James Dean den 30. September 1955 bei engem Autosaccident ëm d'Liewe komm.
Wierker am Kino (Auswiel)Änneren
- East of Eden (1955), vum Elia Kazan mam Julie Harris a Burl Ives
- Rebel Without a Cause (1955), vum Nicholas Ray mam Natalie Wood a Sal Mineo
- Giant (1956), vum George Stevens mam Rock Hudson, Elizabeth Taylor a Carroll Baker
Um SpaweckÄnneren
Commons: James Dean – Biller, Videoen oder Audiodateien |