Diana Rigg

brittesch Schauspillerin

D'Dame Enid Diana Elizabeth Rigg, DBE, gebuer den 20. Juli 1938 zu Doncaster an England a gestuerwen den 10. September 2020, war eng englesch Schauspillerin.

Diana Rigg
Gebuertsnumm Enid Diana Elizabeth Rigg
Gebuer 20. Juli 1938
Doncaster
Gestuerwen 10. September 2020
London
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Royal Academy of Dramatic Art
Aktivitéit Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Universitéitsprofesser, Theaterschauspiller, Schauspiller
Member vun American Academy of Arts and Sciences
Famill
Bestuet mat Archie Stirling
Liewenspartner(in) Philip Saville

Si ass international virun allem duerch hir Roll als Emma Peal an der Televisiounsserie The Avengers (1965-1968: de.: Mit Schirm, Charme und Melone; fr.: Chapeau melon et bottes de cuir) bekannt, eng schlagfäerdeg, modern Fra, déi net op de Mond gefall ass, an déi d'Virbild vu spéidere Fiktiounsfigure sollt ginn.

Am Kino hat se Rollen a Filmer wéi On Her Majesty's Secret Service (1969; als dem James Bond seng Fra), oder der Agatha-Christie-Verfilmung Evil Under the Sun. Si huet och an enger ganzer Rëtsch Tëleesserien a -filmer matgespillt. Méi Succès hat s'am Theater, wou se vun 1959 bis 1971 mat der, resp. fir, d'Royal Shakespaere Company gespillt huet, an dono Member vum National Theatre of Great Britain war.

Hir Duechter Rachael Stirling (* 1977) ass och Schauspillerin.

Filmographie (Auswiel) änneren

Literatur änneren

  • Kathleen Tracy: Diana Rigg: The Biography. BenBella Books, Dallas (Texas), 2004, ISBN 1-932100-27-X.
  • Franziska Fischer: „Mrs. Peel, wir werden gebraucht!“ Mit Schirm, Charme und Melone - Das Buch zur Serie. Bertz + Fischer Verlag, 2009, ISBN 978-3-86505-159-2.

Um Spaweck änneren

Commons: Diana Rigg – Biller, Videoen oder Audiodateien