Lëtzebuerger Guiden a Scouten

D'Lëtzebuerger Guiden a Scouten, kuerz LGS, sinn de gréisste Verband vu Guiden a Scoute vu Lëtzebuerg. Mat méi wéi 5.000 Membere sinn d'LGS och déi gréisst Jugendorganisatioun zu Lëtzebuerg. 57 lokal Gruppe gëtt et am Land.

Verbandsofzeechen

D'LGS sinn 1994 aus dem Zesummeschloss vun den zwéi kathoulesche Verbänn Lëtzebuerger Guiden a Lëtzebuerger Scouten entstanen. Haut spillt dat Kathoulescht an der Aarbechtsmethod vun den LGS keng sou grouss Roll méi.[1][2] Amplaz gëtt méi Wäert op déi perséinlech Entwécklung vun de Jugendleche geluecht, zu deem och fir deen Eenzelen déi perséinlech Spiritualitéit ka gehéieren.

Zu de Lëtzebuerger Guiden a Scoute gehéieren och nach follgend Organisatiounen:

D'Lëtzebuerger Guiden a Scoute sinn als eenzege Lëtzebuerger Verband Member vun der Guideweltorganisatioun WAGGGS a vun der Scoutsweltorganisatioun WOSM|. Déi aner zwéi Verbänn (FNEL an AGGL) si just Member vun enger vun dësen zwou Weltorganisatiounen.

Geschicht änneren

 
WOSM
  • De Joseph Tockert huet 1914 déi éischt Lëtzebuerger Scoutsgrupp (spéider FNEL) mat Schüler vum Athenée gegrënnt.
  • 1919 gëtt de Verband vun de Lëtzebuerger Scouten (Fédération nationale des scouts du Luxembourg - FNSL) gegrënnt, deen eng Rei vu Scoutstruppen zesummegefaasst, déi zum Deel schonn als Sektioune vum "Verband der luxemburgischen katholischen Jugendvereine" bestanen hunn.
  • Am November 1938 gouf de Verband vun de Lëtzebuerger Guiden (Catholic Luxembourg Girl Guides) vum Mgr. Pierre Posing gegrënnt. Déi éischt Guidesektioun war d'Sektioun Notre-Dame, Lëtzebuerg-Kathedral.
  • D'Lëtzebuerger Scouten an d'Lëtzebuerger Guide waren zwou Jugendbeweegungen, deenen hiert Haaptzil d'Erzéiung vun de Kanner a Jugendleche war. Allebéid hu se dobäi nom Erzéiungskonzept vum Baden-Powell geschafft. Hien huet seng Iddien a seng Method ufanks vum 20. Joerhonnert, entspriechend de gesellschaftleche Strukture vun deemools, wuel getrennt fir Jongen a Meedercher formuléiert, mä all Kéier an der selwechter Zilsetzung an am selwechte Geescht.
  • Haut hunn déi gesellschaftlech Strukture geännert. Dofir hunn déi zwéi chrëschtlech orientéiert Verbänn, déi déi selwecht Ziler ustriewen, de 15. Mee 1994 decidéiert, an engem eenzege Verband ze fusionéieren.
  • Am Hierscht 2004 hunn d'Aarbechte fir déi nei Zentral vun de Guiden a Scouten am Stater Quartier Weimerskierch ugefaangen. Zanter 2007 huet d'Géisserei de Centre Convict als Zentral ofgeléist.
  • Am Summer 2017 hunn d'Lëtzebuerger Guiden a Scouten e groussen, internationale Camp um Kierchbierg organiséiert, de GoUrban 2017.[8] 4.000 Leit aus 24 Länner hunn do deelgeholl.[9]

Struktur änneren

D'Leedung vum Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten ënnerläit dem Verbandscomité, deen aus dem Commissaire général, dem Commissaire général adjoint, dem Aumônier général an enger Rei Commissaire mat spezielle Charge besteet.[10]

Eng Lëscht vun alle Commissairen:

  • Commissaire général
  • Commissaire général adjoint
  • Biber-Commissaire
  • Biber-Commissaire adjoint
  • Wëllefchers-Commissaire
  • Wëllefchers-Commissaire adjoint
  • AvEx-Commissaire
  • AvEx-Commissaire adjoint
  • CaraPio-Commissaire
  • CaraPio-Commissaire adjoint
  • RaRo-Commissaire
  • RaRo-Commissaire adjoint
  • Commissaire fir Gruppen
  • Commissaire fir Gruppen adjoint
  • Programm-Commissaire
  • Formatiouns-Commissaire
  • Formatiouns-Commissaire adjoint
  • Internationale Commissaire WAGGGS
  • Internationale Commissaire WOSM
  • Commissaire fir Public Relations
  • Commissaire fir Public Relations adjoint
  • Finanzcommissaire

De representative Chef-Scout vu Lëtzebuerg ass de Prince Guillaume.[11]

Aarbechtsmethod änneren

D'Method vun de Lëtzebuerger Guiden a Scoute besteet aus follgenden Haaptpunkten[1][2]:

  • Léieren duerch Selwermaachen (learning by doing)
  • Andeelung an Altersgruppen (Branchen)
  • Spill an Aarbecht a klengen Ekippen
  • Liewen an der Natur
  • den Asaz fir anerer
  • den Engagement, d'Matbestëmmung an d'Matverantwortung

Branchen änneren

All Grupp ass a verschidde Branchen opgedeelt déi vu forméierte Cheffen encadréiert ginn. Déi eenzel Branchen ënnerscheede sech äusserlech duerch d'Faarf vun der Sträif op hirem Foulard.[12],[13],[14],[15],[16]

Branche Faarf um Foulard Alter
Biber Turquoise 6-8 Joer
Wëllef Giel 8-11 Joer
AvEx Moof 11-14 Joer
CaraPio Rout 14-17 Joer
RaRo Beige 17-23 Joer
Albatrossen Donkelgro + 23 joer

Uniform änneren

 
LGS Uniform

Zur Uniform vun den LGS gehéieren[17]:

  • e gréngt Hiem, op dat déi verschidden Ofzeeche ("Badger") gebitzt ginn
  • e Foulard
  • eng blo Box oder Jüp
  • e bronge Rimm aus Lieder mam Verbandsofzeechen aus Metall
 
Foulard AvEx

De Foulard änneren

D'Foularde vun den LGS hunn all e bloen Hannergrond mat engem faarwege Bord, deen d'Branche duerstellt (kuck uewen an der Tabell). Foularde mat enger wäisser Sträif op der rietser Säit an enger Branchefaarf op der lénkser si fir d'Cheffe vun där respektiver Branche geduecht. D'Gruppecheffen hunn ee Foulard mat enger wäisser Sträif an enger donkelgroer op der lénkser Säit. Zousätzlech gëtt et nach Foularde mat zwou wäisse Sträifen déi fir Commissairen, Aumônieren an aner Membere vun der Verbandsgrupp geduecht sinn. De Foulard mat zwou grénge Sträife gëtt vu Memberen an enger Scoutsgrupp gedroen déi selwer kee Scout sinn, sech awer bereet erkläre fir bei enger Aktivitéit eng Hand mat unzepaken.

Gruppen änneren

D'LGS bestinn aus 57 méi oder wéineger grousse Gruppen, déi sech virun allem no hirer geographescher Lag andeelen.[18]

Uertschaft Numm / Patréiner Internetsite
Äischen Saint Pierre http://www.aischener-scouten.eu
Bartreng Saint Exupéry http://www.lgsbartreng.lu/
Beefort Frère Roger
Beetebuerg Abbé Pierre http://www.emmerbereet.lu/
Belval-Metzerlach Don Bosco
Biekerech Mahatma Gandhi http://lgs-beckerich.wixsite.com/lgs-beckerich
Bieles Saint Paul https://web.archive.org/web/20160117173518/http://lgs-bieles.lu/
Briddel Saint Hubert http://bridel.weebly.com/
Déifferdeng Sainte Barbe https://deifferdeng.lgs.lu/
Diddeleng Saint Jean http://diddeleng.lgs.lu/
Dikrech Saint Laurent / Tony Noesen http://diekirch.lgs.lu
Duelem Saint Martin http://www.lgs.lu/duelem
Eschduerf Vum Séi, Saint Pirmin http://www.pirmin.lu
Esch-Grenz Hl Baarbel https://esch-grenz.lgs.lu/
Esch-Uelzecht Saint François
Esch-Uelzecht Saint Joseph http://www.juppe-scouten-esch.com
Ettelbréck Ermesinde (Guiden) https://web.archive.org/web/20151205074727/http://ermesinde.lgs.lu/site/index.html
Ettelbréck Saint Sébastien (Scouten)
Gréiwemaacher Saint Laurent https://web.archive.org/web/20161110020921/http://grevenmacher-scouten.com/
Groussbus Saint Maximilian Kolbe http://www.groussbus.lgs.lu
Housen-Houschent Mère Thérèse http://www.lgs-houhou.lu/
Houwald Don Bosco http://houwald.lgs.lu/
Iechternach Saint Willibrord http://www.lgs-echternach.org/
Jonglënster Saint Martin https://sites.google.com/site/lgsjonglenster/
Käerjeng Saint Willibrord
Käl Sainte Marie
Klierf Saint Benoît
Leideleng Lady B.-P. http://www.lgsl.lu
Lëtzebuerg Foulards Blancs http://homepages.internet.lu/jlehners/fb/
Lëtzebuerg Pierre d'Aspelt (Gamma) https://web.archive.org/web/20130313053126/http://pierre-daspelt.lgs.lu/
Lëtzebuerg Saint Alphonse (Groupe Lusophone) https://saintalphonse.lgs.lu/
Lëtzebuerg-Beggen Saint Christophe http://www.beggenerscouten.lu/
Lëtzebuerg-Belair Jang de Blannen http://belair.lgs.lu/
Lëtzebuerg-Bouneweg Saint Louis / Sainte Irmine http://bouneweg.lgs.lu/
Lëtzebuerg-Cents Saint François d'Assise http://cents.lgs.lu/
Lëtzebuerg-Gaasperech Georges Everling http://www.lgs.lu/gaasperech
Lëtzebuerg-Gare Sacré-Coeur http://letzebuerg-gare.lgs.lu/
Lëtzebuerg-Kiem Robert Schuman http://kiem.lgs.lu/
Lëtzebuerg-Lampertsbierg Immaculée
Lëtzebuerg-Zéisseng Notre-Dame de la Route
Luerenzweiler Saint Laurent http://www.lgslorentzweiler.lu/
Miersch Saint Michel http://miersch.lgs.lu/
Monnerech Jules Bleser http://www.jbm.lu/
Nidderaanwen Schetzel http://www.scouten.lu/
Péiteng Hl. Franz vun Assisi http://www.lgspeiteng.lu/
Réimech Saint Cunibert https://web.archive.org/web/20050911030355/http://lgsremich.lu/
Réiserbann Saint Donat https://reiser.lgs.lu/
Rodange-Rolleng Sainte Amalberge
Rued-Sir Saint Jacques https://web.archive.org/web/20151018233523/http://lgsrued.betzdorf.lu/
Sandweiler Hl. Mäerten http://www.lgs.lu/sandweiler
Schëffleng Abbé Poncin http://www.sgs.lu/
Stengefort Saint Hubert / Sainte Bernadette
Suessem Sainte Catherine http://suessem.lgs.lu/
Walfer Mahatma Gandhi http://walfer.lgs.lu
Wolz Saint Sébastien
Wuermer Saint Jean Baptiste http://wormer-scouten.lu

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Lëtzebuerger Guiden a Scouten – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 http://www.lgs.lu/wie-si-mir/
  2. 2,0 2,1 http://lgs.lu/wat-maache-mir/
  3. http://ongd.lgs.lu
  4. https://fondatioun.lgs.lu
  5. http://chalets.lgs.lu/neihaischen/
  6. http://bilsdorf.lgs.lu
  7. http://lgs.lu/contact/
  8. Archive copy Archivéiert op 2016-10-31. Gekuckt de(n) 2017-01-04.
  9. lessentiel.lu: 4000 Pfadfinder campen auf dem Kirchberg (19. Juli 2017)
  10. http://lgs.lu/struktur-a-leedung-vum-verband/
  11. https://fr.scoutwiki.org/Jean_de_Luxembourg
  12. Archive copy Archivéiert op 2017-01-04. Gekuckt de(n) 2017-01-04.
  13. Archive copy Archivéiert op 2016-12-31. Gekuckt de(n) 2017-01-04.
  14. Archive copy Archivéiert op 2016-12-31. Gekuckt de(n) 2017-01-04.
  15. Archive copy Archivéiert op 2017-01-03. Gekuckt de(n) 2017-01-04.
  16. Archive copy Archivéiert op 2017-01-02. Gekuckt de(n) 2017-01-04.
  17. AvEx Ekipp, AvExpass. 2.Oplag, Lëtzebuerg 2007, S.25
  18. http://lgs.lu/gruppen