Zu Lëtzebuerg gëtt et dräi Scoutsverbänn:

Déi éischt béid si Member an der World Organization of the Scout Movement an d'ESL ass Member an der chrëschtlecher Union internationale des guides et scouts d'Europe (UIGSE), och nach bekannt als Fédération du scoutisme européen (FSE), wou d'Gruppen nach traditionell op Jongen a Meedercher opgedeelt ginn. Tëschenzäitlech gouf et och eng Grupp vun de Royal Rangers zu Lëtzebuerg.

De Scoutissem gouf vum Robert Baden-Powell gegrënnt an orientéiert sech a senger ursprénglecher Form streng um chrëschtleche Glawen. Hie war uganks nëmme fir Jonge reservéiert gewiescht, éier mam Guidissem e weibleche Pendant gegrënnt gouf.

Verspriechen

änneren

Beim Versprieche streckt de Scout seng dräi Mëttelfangeren an d'Luucht fir domat seng

  • Verflichtung géintiwwer dem Herrgott an der Monarchie (To do my duty to God and the King)
  • Verflichtung géintiwwer senge Matmënschen (To help other people at all times)
  • Verflichtung géintiwwer sech selwer, d'Scoutsgesetz anzehalen (To obey the Scout Law)

zu weisen. Sou d'Originalversprieche vum Baden-Powell[1].

D'Lëtzebuerger Guiden a Scoute formuléieren dëst Verspriechen haut sou:

"Ech engagéiere mech,
mäi Liewe sënnvoll ze gestalten a Verantwortung ze iwwerhuelen,
meng Ëmwelt ze respektéieren a mech fir Fridden a Gerechtegkeet anzesetzen,
mech dobäi u Jesus Christus ze orientéieren an nom Guide/Scoutsgesetz ze liewen."[2]

Bei der FNEL versprécht e Scoutschef dëst:

"Ech verspriechen op Éier a Gewëssen,
meng Charge am Geescht vum Scoutsgesetz an am Sënn vun de Statute vun der FNEL
voll a ganz z'erfëllen
a bridderlech iwwer déi mir uvertraut Jongen a Meedercher ze waachen."[3]

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Scouten zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Die Grundlagen der Pfadfinderbewegung Archivéiert de(n) 01.02.2012. Gekuckt de(n) 29.11.2011.
  2. Statute vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten Archivéiert de(n) 16.09.2015. Gekuckt de(n) 28.11.2011.
  3. Promesse des chefs d'unité Archivéiert de(n) 15.03.2016. Gekuckt de(n) 29.11.2011.