Dësen Artikel beschäftegt sech mat derResistenzorganisatioun Letzeburger Scouten. Fir de Jugendmouvement Lëtzebuerger Scouten kuckt wgl. hei.

Dësen Artikel iwwer den Zweete Weltkrich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Ënner dem Numm Letzeburger Scouten (L.S.) hunn am Zweete Weltkrich eng Grupp Leit, déi deemools Member vum Verband vun de Lëtzebuerger Scouten waren, eng Resistenzorganisatioun géint den däitschen Ënnerdrécker opgebaut.

Geschicht

änneren

Dat ass am August 1940 geschitt, wéi déi lëtzebuergesch Veräiner verbuede goufen, an et nëmmen zwou Alternative gouf:

  • d'Lëtzebuerger Scouten opzeléisen oder
  • ënner dem Numm Lëtzebuerger Scouten (an der Schreifweis vun deemools: Letzeburger Scouten) eng Ënnergrond-Organisatioun opzebauen.

Hir féierend Leit hu sech du fir déi zweet Léisung entscheet. De 15. August 1940 koumen d'Scoutschefen aus de Kantonen Esch a Capellen zu Esch am Wëllefcherssall ënner der Grenzer Kierch zesummen an hu sech d'Wuert ginn, dem Preiss Resistenz ze bidden. Domat ware si déi éischt Resistenzorganisatioun vu Lëtzebuerg géint den Naziokkupant.

Exponente vun dëser Ënnergrond-Organisatioun waren, ënner anerem, de Georges Everling, Jean Muller an Tony Noesen, alleguer Kommissäre vun de Lëtzebuerger Scouten, déi aus den dräi Bezierker (Zentrum, Norden a Süden) koumen. Den deemolege Scoutschef Aloyse Hentgen, en anere grousse Resistenzler, war och am Bild. Déi ganz Lëtzebuerger Scouten (mat Ausnam vun de Kanner), déi domat am Ënnergronn ënnergedaucht sinn, konnten also ënner den deemolegen Ëmstänn vun hinnen engagéiert ginn.

Hire Resistenzlergrupp huet sech spéider mat der L.L. (Letzeburger Legio'n) zesummegedoen an huet an engem nei gegrënnte Grupp, der L.V.L. (Letzeburger Vollekslegio'n), seng Aktioune virugefouert.

Am Juli 2003 gouf de Veräin "Lëtzebuerger Scouten (LS) an der Resistenz 1940-1945 a.s.b.l."[1] gegrënnt fir Témoignagen an Dokumenter zesummenzedroen a fir d'Erënnerung un d'Affer waakreg ze halen.

Literatur

änneren
  • Hoffmann, Serge: Le mouvement de résistance LVL au Luxembourg, Archives nationales, 2004, 158 S.
  • Muller, Carlo: Luxemburg im 2. Weltkrieg, Geschichte für die Primärschule, (um Internet: Referenz um Spaweck), Luxemburg, 1997

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. Statute vun de Lëtzebuerger Scouten (LS) an der Resistenz 1940-1945, A.s.b.l. op legilux.lu