Gamma Scouten si Scoute vun den LGS déi e kierperlechen, geeschtegen oder sozialen Handicap hunn an typesch Scoutsaktivitéiten, déi op hir Fäegkeeten zougeschnidde sinn, duerchféieren.

Geschicht änneren

1965 a 1966 hunn e puer Scoutscheffen am Schlass zu Jambville, zanter 1952 de Centre national de formation des Scouts et Guides de France, u Formatiounscampe fir handikapéiert Scouten deelgeholl.

Op Initiativ vum Dr Charles Edouard Rischard gouf de 27. September 1966 um Chefdag den éischte Gamma Grupp an d'Liewe geruff. Den éischte Camp mat physesch handikapéierte Scoute war am Dezember 1966 zu Huelmes an der Jugendherberg ënner der Leedung vun engem Dokter, zwee Geeschtlecher a fënnef Betreier.

Kuerz drop hunn dräi Gamma Gruppe bestanen:

  • Gamma I, fir physesch handikapéiert Scouten,
  • Gamma II, fir geeschteg handikapéiert Scouten an
  • Gamma III, fir sozial gestéiert Scouten.

Haut besteet nëmme méi de Grupp Gamma Pierre d'Aspelt.

Grupp Pierre d'Aspelt änneren

1968 gouf e Ruddel Wëllefcher ënner der Bezeechnung "Gamma II Pierre d'Aspelt" gegrënnt. Et huet sech ëm geeschteg behënnert Jongen a Meedercher aus der Schoul rue Pierre d'Aspelt aus der Stad gehandelt. Hir éischt Aktivitéit war e Weekend de 16.-17. November 1968. 1986 huet sech Gamma Pierre d'Aspelt a Wëllefcher an Explorer opgedeelt.

D'Aufgab vum Grupp besteet doran, fir deene Kanner, deenen hir Behënnerung eng Integratioun an engem valide Grupp onméiglech mécht, Scoutissem ze bidden.

Kuckt och änneren

Lëtzebuerger Guiden a Scouten

Um Spaweck änneren

Websäit vun de Gamma Scouten