Guillaume vu Lëtzebuerg

Prënz vu Lëtzebuerg, vun Nassau a vu Bourbon-Parma
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Ierfgroussherzog Guillaume. Fir Leit mat engem änlechen Numm, kuckt wgl. Guillaume vu Lëtzebuerg (Homonymie).

De Guillaume Jean Joseph Marie vu Lëtzebuerg, gebuer den 11. November 1981 an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte an der Stad Lëtzebuerg, ass Prënz vu Lëtzebuerg a Prënz vun Nassau a vu Bourbon-Parma. Hien ass den 18. Dezember 2000 offiziell zum Ierfgroussherzog vu Lëtzebuerg ernannt ginn.

Guillaume vu Lëtzebuerg
Titelen
Prënz vu Lëtzebuerg
Prënz vun Nassau a vu Bourbon-Parma
Ierfgroussherzog vu Lëtzebuerg
Zäit zanter dem 18. Dezember 2000
Biographie
Gebuer 11. November 1981
Maternité Grande-Duchesse Charlotte
Bestuet mat Stéphanie vu Lëtzebuerg
Papp Henri vu Lëtzebuerg
Mamm Maria Teresa Mestre
Geschwëster Félix vu Lëtzebuerg, Louis vu Lëtzebuerg, Alexandra vu Lëtzebuerg, Sébastien vu Lëtzebuerg
Kanner Charles vu Lëtzebuerg, François vu Lëtzebuerg

Iwwersiicht

Hien ass den eelste Jong vum Groussherzog Henri vu Lëtzebuerg an der Groussherzogin Maria Teresa.

Hien ass am Lycée Robert-Schuman an der Stad Lëtzebuerg an an de Schwäizer Pensionate Beau Soleil an Institut Le Rosey an de Lycée gaangen an huet duerno op der Royal Military Academy Sandhurst, bei Camberley am Berkshire an England eng Offizéieschausbildung gemaach.

Vun 2000 bis 2011 huet de Prënz Guillaume de Verwaltungsrot vun der Fondation Kräizbierg presidéiert, déi sech an den Déngscht vun handicapéierte Leit setzt. Am Mäerz 2011 huet de Prënz d'Éirepresidentschaft vun dëser Fondatioun akzeptéiert.

Hie gouf den 23. Juni 2009, um Nationalfeierdag, zum Majouer vun der Lëtzebuerger Arméi ernannt. Duerch en Arrêté grand-ducal vum 25. Mee 2012 gouf hie Lieutenant-colonel genannt, an dëst mat Wierkung vum 23. Juni 2012 un[1],[2].

Seng Geschichts- a Politologiestudien op der Universitéit vun Durham huet en net ofgeschloss.

Wéi säi Papp, wéi deen Ierfgroussherzog war, ass hien Éierepresident vum Board of Economic Development (zanter Ufank 2001) a Member vum Staatsrot (zanter dem 24. Juni 2005).

Engagement

D'Verlobung mat der Gräfin Stéphanie de Lannoy war de 27. Abrëll 2012 zu Lëtzebuerg.

Bestietnes

Den 19. Oktober 2012 huet de Stater Buergermeeschter Xavier Bettel d'Koppel am Gemengenhaus um Knuedler an der Stad Lëtzebuerg zivil bestuet. Déi kierchlech Feier war den 20. Oktober 2012 an der Kathedral vun der Stad Lëtzebuerg a gouf vum Äerzbëschof Hollerich zelebréiert.

Kanner

Den 10. Mee 2020 koum um 5:13 an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte an der Stad Lëtzebuerg hire Jong Charles Jean Philippe Joseph Marie Guillaume op d'Welt.[3]

De 27. Mäerz 2023 koum um 10:04 an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte an der Stad Lëtzebuerg hiren 2. Jong François Henri Luis Marie Guillaume op d'Welt.[4]

Gielercher

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Guillaume vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. wort.lu, 18. Juni 2012.
  2. Armée - Nomination. legilux.public.lu (11.06.2012). Gekuckt de(n) 14.08.2020.
  3. "Naissance du premier enfant du couple héritier." op monarchie.lu, 10. Mee 2020.
  4. (fr)Naissance de S.A.R. le Prince François. monarchie.lu (17.3.2023). Gekuckt de(n) 27.3.2023.
  5. Memorial B n° 103 vun 2012 mat der Lëscht vun de Leit déi 2012 eng national Auszeechnung kritt hunn
  6. 6,0 6,1 6,2 (fr)S.A.R. le Grand-Duc Héritier | Cour grand-ducale. www.monarchie.lu. Gekuckt de(n) 2023-07-26.