Den Damien Kratzenberg, gebuer de 5. November 1878 zu Klierf gouf den 11. Oktober 1946 an der Stad Lëtzebuerg higeriicht.

Damien Kratzenberg
Gebuer 5. November 1878
Klierf
Gestuerwen 11. Oktober 1946
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Enseignant, Politiker
Partei Volksdeutsche Bewegung
Famill
Geschwëster Albert Kratzenberg

Nodeem de Kratzenberg seng Lycéesstudien zu Dikrech gemaach hat, huet hien zu Lille, Paräis a Berlin Philologie studéiert. Duerno war hie Professer fir Griichesch an Däitsch, fir d'éischt zu Dikrech, dann zu Iechternach an am Kolléisch.

1907 gouf hie Member am Volksbildungsverein, engem éischter lénksgeriichten antiklerikale Veräin, vun deem hie vun 1922 bis 1934 President war. Vun 1912 bis 1934 war hie Member vun der Association générale des étudiants luxembourgeois. Politesch engagéiert war hien tëscht 1930 an 1938 an der Liberaler Partei.

Heim ins Reich änneren

Seng Léift fir déi däitsch Kultur a besonnesch fir déi däitsch Literatur huet de Kratzenberg op ganz Däitschland iwwerdroen. Fir hie waren d'Lëtzebuerger Däitschstämmeger. Hien huet seng Däitschstämmegkeet bei all Geleeënheet ervirgehuewen, awer an deem Moment huet en nach op déi staatlech Souveränitéit gehalen.

Wéi sech vum Januar 1933 un eng Diktatur am Nopeschland breetgemaach hat, huet en et um Ufank fir eppes gehalen, mat deem déi däitsch Kultur scho géif fäerdeg ginn.

Mä am Laf vun der Zäit huet de Kratzenberg sech ëmmer méi zum Nationalsozialismus gedréint. Hien huet ugefaangen, sech zu dem nationalsozialistesche Führerprinzip ze bekennen. Dat huet mat sech bruecht datt hien et fir néideg fonnt huet, datt déi biergerlech Fräiheete missten ofgebaut ginn, fir d'Ziler vum Nationalsozialismus z'erreechen. Den Héichpunkt an där Entwécklung koum 1936. Do krut de Kratzenberg déi renomméiert Goethemedaille für Kunst und Literatur wéinst sengen aussergewéinleche Verdéngschter fir déi däitsch Kultur. Iwwer de Lëtzebuerger Ambassadeur huet hien dem Adolf Hitler ausriichte gelooss, hien, den Hitler, wier den edelste Mënsch an de stärkster Hort für die Zukunft Europas.

GEDELIT änneren

1934 gouf d'Luxemburger Gesellschaft für deutsche Literatur und Kunst GEDELIT als Géigestéck zu der Alliance française gegrënnt. De Kratzenberg huet déi Vereenegung vun 1935 u geleet. 1938 huet d'GEDELIT ugefaangen, Propaganda an de Lëtzebuerger Lycéeën ze maachen. D'Sturmtrupp Lützelburg, eng Grupp vun nazifrëndleche Schüler, huet hir Versammlungen am Lokal vun der GEDELIT ofgehalen. Dem Kratzenberg seng Zeitung Luxemburger Schau war ganz kloer nazistesch.

Am Mee 1938 koum et zu engem Prozess géint ee vu senge Schüler, deen um Nationalfeierdag an der Kathedral e "Knuppert" explodéiere gedoen hat. Am Prozess koum dunn eraus, datt de Kratzenberg seng Schüler all Samschdeg ëm sech hat fir se z'endoktrinéieren. Hien ass doropshi vu Journaliste beschëllegt ginn, seng Plaz als Professer ze mëssbrauchen. Hien huet dunn e Prozess géint de Journalist Émile Marx gewonnen. Säi gudden Numm als Pedagog hat doduerch awer gelidden.

Am Mee 1939 huet en e Virtrag zu Köln gehalen, an deem hien iwwer d'Zougehéieregkeet vun de Lëtzebuerger zu der germanischen Rasse geschwat huet, an an deem en déi historesch a sproochlech Zougehéieregkeet zu Däitschland beweise wollt. Nëmmen e puer Wochen no der Annektioun vum Rescht vun der Tschechoslowakei als däitschgefouert Protektorat Böhmen und Mähren hu sou Wierder natierlech groussen Androck gemaach a sinn als Averständnis fir der GEDELIT hir Heim ins Reich Virstellunge verstane ginn. Doropshin huet den Erzéiungsminister Nicolas Margue dem Kratzenberg matgedeelt, wann hien dat nach eng Kéier géif maachen, da géif e seng Staatsplaz verléieren.

Zäit vun der däitscher Okkupatioun änneren

Wéi däitsch Truppen den 10. Mee 1940 Lëtzebuerg besat haten, war d'GEDELIT komplett eng politesch Organisatioun am Déngscht vum Okkupant. De 17. Mee 1940 gouf d'Volksdeutsche Bewegung (VdB) gegrënnt, déi ënner dem Kratzenberg dann däitlech fir en Anschluss un Nazidäitschland agetrueden ass. A senger neier Funktioun war de Kratzenberg dem däitsche Chef der Zivilverwaltung, dem Gauleiter Gustav Simon ënnerstallt.

De 6. Juli 1940 huet d'VdB en Opruff gemaach: Luxemburger, höre die Stimme des Blutes! Sie sagt dir, dass du nach Rasse und Sprache ein Deutscher bist. Luxemburgertum in allen Ehren! Denn wahres Luxemburgertum ist reines Deutschtum.[1]

Vum 1. Abrëll 1941 bis zur Liberatioun war de Kratzenberg Direkter vum Kolléisch, eng Funktioun déi hien awer wéinst senge politeschen Aktivitéiten (virun allem am VdB) net konnt ausüben (hie gouf an der Schoul duerch en däitschen directeur faisant fonction ersat).[2]

D'Enn änneren

Wéi 1944 d'Alliéiert op Däitschland zougeréckelt sinn, huet de Kratzenberg sech den 1. September duerch d'Bascht gemaach. Op Tréier, dann iwwer Koblenz op Weißenberg. E Bréif u säi Meedchen huet en no Krichsenn verroden. Hie gouf op Lëtzebuerg bruecht, wou him de Prozess gemaach gouf. Dee Prozess huet véier Deeg gedauert. Den 1. August 1946 gouf hien zum Doud verurteelt.

Den Damien Kratzenberg gouf den 11. Oktober 1946 um Schéissstand vun der Kasär um Helleg-Geescht-Plateau erschoss.

Hie gouf nom Krich als den Haaptmann vun der Lëtzebuerger Nazikollaboratioun betruecht, also als lëtzebuergeschen Degrelle oder Quisling.

Hie war de Brudder vum Albert Kratzenberg.[3]

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. zit. no Dostert, Paul (1985): Luxemburg zwischen Selbstbehauptung und nationaler Selbstaufgabe. Die deutsche Besatzungspolitik und die Volksdeutsche Bewegung 1940-1945. Lëtzebuerg, S. 60f.
  2. Steve Kayser, 2003. L'Athénée durant la Seconde Guerre mondiale. In L'Athénée et ses Grands Anciens 1815-1993. 400 Joer Kolléisch. Vol. II. éditions saint-paul. S. 159-183. Cf. S. 168.
  3. deltgen.com
  Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.