Kaalber Millen
D'Kaalber Millen ass e Lieu-dit an der Gemeng Klierf (bis Enn 2011: Gemeng Hengescht) an ass en Deel vun der Gemengesektioun Kaalber.
Kaalber Millen | |
---|---|
![]() D'Kaalber Millen am Mäerz 2007 | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Kalborn-Moulin de: Kalborner Mühle |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Klierf |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | Emile Eicher |
Awunner | 0 (01.01.2018) |
Koordinaten |
50° 06’ 11’’ N 06° 07’ 54’’ O |
GeographieÄnneren
D'Kaalber Millen läit am Dall vun der Our, ronn 1.5 km vu Kaalber ewech. Et kënnt en dohin iwwer e Wee de lénks vum CR339 fort geet, wann ee vu Kaalber op d'Tëntesmillen fiert, ongeféier 2 km baussent dem Duerf.
GeschichtÄnneren
D'Kaalber Mille steet zanter dem September 2001 als Inventaire supplémentaire op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter.[1]
D'MuschelziichtereiÄnneren
Op der Kaalber Millen huet d'Stëftung Hëllef fir d'Natur mat der finanzieller Hëllef vum Ëmweltministère, dem Naturmusée an dem LIFE-Nature Programm vun der EU vun 2005 bis 2011 e Projet fir d'Erhalen, dorënner och d'Ziichte vun der Flosspärelmuschel (Margaritifera margaritifera) realiséiert.
Nodeem am August 2011 de Life-Projet ausgelaf war, huet d'Stëftung Hëllef fir d'Natur vun natur&ëmwelt eng Konventioun fir d'Finanzéierung vun der Suite vum Projet mam Lëtzebuerger Staat ënnerschriwwen.[2][3]
Am Projet gëtt Follgendes realiséiert:
- Uleeë vu Sträife laanscht d'Our, fir ze verhënneren datt ze vill Nierstoffer an d'Baach kommen.
- Fiichten déi um Randgebitt vun der Baach stinn, ewechzehuelen.
- Réier, déi an Niewebaache leien, ewechzehuelen fir datt d'Baachfrellen, op deenen hire Kimen d'Larve vun der Muschel liewen, erëm kënne fräi déi Baachen erop zirkuléiere fir ofzeläichen.
- Eng Ziichterei fir Jongmuschelen, déi an d'Our ausgesat ginn.
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
BillerÄnneren
Referenzen an NottenÄnneren
- ↑ Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste des immeubles et objets classés Monuments nationaux ou inscrits à l'Inventaire supplémentaire (Lescht Versioun vum 17. November 2020).
- ↑ D'Konventioun gouf ënnerschriwwe vun de Ministere Marco Schank (Delegéierte Minister fir Ëmwelt a Landesplanung) a Jean-Marie Halsdorf (Inneminister).
- ↑ Luxemburger Wort vum 12. Dezember 2011, S. 29.