De Cube 521 ass e Kultur- a Kongresszentrum zu Maarnech, deen den 18. November 2007 seng Dieren opgemaach huet. Den Numm kënnt dohier, datt d'Gebai un en Ensembel vu Cuben erënnert an op enger Héicht vu 521 Meter steet.

De Cube 521.
De Cube 521 by night. 19. November 2007.
De Cube vu bannen. 30. August 2008.

D'Gebai huet follgend Raimlechkeeten:

  • Multifunktionelle Spektakelsall mat 250-300 Plazen
  • Artistelogen
  • 3 Raim fir Konferenzen a Prouwen
  • Foyer mat Vestiaire a "Gedrénkscube"
  • 3 Büroe fir d'Administratioun

De Cube gëtt vum Veräi Cube 521 asbl verwalt. Déi kënschtleresch Directrice ass zanter 2007 d'Odile Simon.

Aktivitéiten änneren

  • De Cube fir d'Regioun: Musek, Theater, Ausstellungen an Danz ënner engem Dach.
  • D'Regioun am Cube: eng Plattform fir d'kulturell Acteuren aus der Regioun.
  • De jonke Cube: Konschtateliere fir Kanner a jonk Leit.
  • De Cube op Rieder: De Programm vum Cube geet bei d'Leit, z. B. an d'Schoulen, an d'Altersheemer...
  • Summer am Cube: e spezielle Vakanzeprogramm.
  • De Klenge Maarnicher Festival am Cube: Eng Éiereplaz fir e Pionéier vun der kultureller Entwécklung am Éislek.
  • De Konferenzzenter Cube: Symposia, Kongresser, Presentatiounen...

Geschicht vum Gebai änneren

De Projet gouf vu follgenden Instanze kofinanzéiert:

De Veräi Cube 521 asbl änneren

De Veräi Cube 521 gouf de 5. Oktober 2006 gegrënnt a krut per Konventioun vum 21. Abrëll 2007 d'Verwaltung vum Gebai vum Bauhär a Besëtzer Gemeng Munzen iwwerdroe.

Zum Verwaltungsrot vum Veräi gehéieren:

Illustratiounen änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Cube 521 – Biller, Videoen oder Audiodateien