Henry Cravatte

lëtzebuergesche Politiker

Den Henry Cravatte, gebuer den 21. Mee 1911 zu Dikrech, a gestuerwen de 4. November 1990 zu Ettelbréck[1], war e lëtzebuergesche Politiker.

Henry Cravatte
Gebuer 21. Mee 1911
Dikrech
Gestuerwen 4. November 1990
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei LSAP, SDP
Member vun Parlamentaresch Versammlung vum Europarot

Hien huet Droit studéiert a gouf 1936 zu Dikrech Affekot.

Seng politesch Carrière huet 1951 ugefaangen, wéi en op der Lëscht vun der LSAP an de Gemengerot zu Dikrech gewielt a gläich Buergermeeschter gouf. 1957 koum en an d'Oppositioun, mä gouf 1964 nees Buergermeeschter.

An der LSAP war den Henry Cravatte vun 1953 bis 1957 Member vum Comité-directeur a vun 1959 bis 1969 President. 1959 gouf en an d'Chamber gewielt, nodeem e vun 1958 bis 1959 Staatssekretär fir Wirtschaft war. No de Chamberwale vun 1964 gouf e Vizepresident vun der Regierung an Inneminister an der Regierung Werner-Cravatte.

Den 3. Mee 1970 ass den Henry Cravatte als Parteipresident zeréckgetrueden, fir duerno an déi nei gegrënnten Sozialdemokratesch Partei anzetrieden, där hire President en de 14. Mäerz 1971 gouf an dat bis 1980 blouf.

1968, 1974 an 1979 gouf en all Kéier an d'Chamber erëmgewielt.

Vum 26. Abrëll 1976 bis den 19. Juni 1978 war hie President vum Conseil de l'Europe.

1981 huet hie sech nees bei de Gemengewalen opgesat a gouf och, op der LSAP-Lëscht (ouni awer Member ze sinn) Dikrecher Gemengeconseiller bis zu sengem Doud 1990. Vun 1970 bis 1990 war hien och President vum SYVICOL, a vun 1959 bis 1979 President vum Conseil des communes d'Europe.

Auszeechnungen

änneren

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. Annonce vum Doud vum Henry Cravatte am Lëtzebuerger Land vum 9. November 1990 op eluxemburgensia.lu gekuckt de 26. Juli 2022
  2. Distinctions honorifiques à l'occasion de la Fête Nationale op der Säit 6 vum Luxemburger Wort vum 25. Juni 1980 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 22. Oktober 2022
  3. Lëscht vun de Persounen déi tëscht 1952 an 2012 d'Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich kruten