De Pierre Pemmers, gebuer den 21. November 1849 zu Boukels a gestuerwen de 27. Juni 1922 zu Dikrech, war e lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.[1]

Pierre Pemmers
Gebuer 21. November 1849
Boukels (Géisdref)
Gestuerwen 27. Juni 1922
Dikrech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Affekot, Politiker
Famill
Kanner Tony Pemmers

1893 gouf hien als Vertrieder vum Kanton Dikrech als Deputéierten an d'Chamber gewielt an ass bis 1915 Deputéierte bliwwen, wéi hie sech aus der nationaler Politik zeréckgezunn huet.[1]

1893 gouf hien eng éischte Kéier an de Gemengerot vun Dikrech gewielt. De 14. August 1909 gouf hie Buergermeeschter vun der Gemeng Dikrech an ass dat bis zu sengem Doud bliwwen.[1]

Hie war de Papp vum Tony Pemmers.

Gielchen änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Doudesannonce a Kuerzbiographie vum Pierre Pemmers am Tageblatt vum 28. Juni 1922
  2. Memorial N° 41 vun 1905 mat enger Lëscht vu Leit déi am ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen