Marc Angel (Kënschtler)
lëtzebuergesche Auteur
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Kënschtler Marc Angel. Fir de Politiker mam selwechten Numm, kuckt wgl. Marc Angel (Politiker). |
De Marc Angel, gebuer de 24. Februar 1960 zu Dikrech ass e lëtzebuergesche BDs-Auteur, Graphiker, Moler an Illustrator, deen zu Biekerech lieft a schafft.
Marc Angel | |
---|---|
Gebuer |
24. Februar 1960 Dikrech |
Aktivitéit | Iwwersetzer, Moler, Dréibuchauteur, Graphiker |
Hien ass vun 1981-1983 zu Köln op d'Fachoberschule für Gestaltung gaangen. No engem ofgebrachene Graphic-Design-Studium huet hien als Graphiker an Illustrateur fir verschidde Publicitéitsagencen, Editiounen a kulturell Institutioune geschafft.
Ufanks der 80er Joren huet hien Illustratioune fir d'Lëtzebuerger Land gemaach. E war och un der Gestaltung vun der L'histoire Luxembourgeoise (1989) an der Ausgab vum Jean Probst als Comic-Auteur bedeelegt.
Zanter 2008 verëffentlecht hie Comics an Illustratiounen, dacks am Eegeverlag ënnert dem Label INSITU.
Ausstellungen a ProjetenÄnneren
- 2007, Konzept a Koordinatioun vum Projet «Le calendrier des migrations» («Luxembourg et Grande Région, capitale européenne de la culture 2007»), Perséinleche Bäitrag: «L'histoire du Douanier»
- 2010, Galerie Am Pi, Weißenseifen (D)
- 2010/11, Corporate Design a kënschtleresch Gestaltung vun der Biekerecher Millen
- 2012, Artium Art Gallery, Lëtzebuerg
- 2013, Galerie d'Art Armand Gaasch, Lëtzebuerg
- 2015, "Reflets d'artistes", Galerie Op der Kap (zesumme mam Christophe Olinger)
- 2019, "Livre/dessin" an der Serie "INTRO" am Konschthaus Beim Engel
BicherÄnneren
- Deemols, 1997, 1999, 2001, Bande dessinée an 3 Bänn iwwer d'Geschicht vu Lëtzebuerg (Ed. Guy Binsfeld),
- Nixe Geeschter Hexemeeschter, 2003, illustréiert Buch (Ed. Phi);
- Eng Rees ëm d'Welt, 2008, Kannerbuch (Präis fir de beschte Kanneralbum vum Educatiounsministère)
- Nuages sur la rizière / Wolken über dem Reisfeld, 2009, BD (Insitu/Fairtrade Luxembourg)
- Pelle Svensson und die Republik der Tiere, 2011, BD an Zesummenaarbecht mam Thorunn Egilsdottir an Thomas Schoos (Insitu/Eida-Green)
- De Schëmmelreider vun Useldeng, 2016, BD (Insitu/Gemeng Useldeng)
- De Jas / Le Yas, 2015, Graphic Novel an Zesummenaarbecht mam Jean-Louis Schlesser (Scenario), kënnt an der Wochenzeitung "Le Jeudi" eraus a gëtt duerno als Album bei Insitu verëffentlecht.
- De Jas kënnt zréck / Le retour du Yas, 2016, id
- Schichtwiessel, 2017, BD (Insitu/Gemeng Déifferdeng)
- Den Edouard, 2018, BD, kënnt an der "Revue" eraus a gëtt duerno als Album bei Ed. Revue verëffentlecht
- Schortgen, En Eisefrësser an der Chamber, 2022, Graphic Novel an Zesummenaarbecht mam Charles Meder, éditions guy binsfeld, ISBN 978-2-9199565-6-2
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
- Websäit vum Marc Angel (fr) (de) (en) (es)