De Claude Turmes, gebuer de 26. November 1960 zu Dikrech, ass e lëtzebuergesche Politiker (déi gréng). Hie war vum 5. Dezember 2018 bis de 17. November 2023 Minister fir Landesplanung a fir Energie an der Regierung Bettel-Schneider-Braz. Virdru war hien 19 Joer laang, vun 1999 bis 2018 Deputéierten am Europäesche Parlament.

Claude Turmes
Gebuer 26. November 1960
Dikrech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei déi gréng

Karriär änneren

No sengem Lycée huet hien 1983 eng Licence a Sporterzéiung zu Louvain-la-Neuve gemaach an ass 1986 Sportsprofesser ginn.

Zanter 1989 ass en am Mouvement écologique aktiv. Tëscht 1995 an 1997 war hie Sekretär vu Friends of the Earth Europe, enger Daachorganisatioun vun Ëmweltorganisatiounen. Säi Schwéierpunktthema ass d'Energiepolitik. Sou war en tëscht 1995 an 1997 Vizepresident vun EUFORES, enger NRO, déi sech fir erneierbar Energien an Europa asetzt. Hie war och zäitweileg President vun der Energiekommissioun vun der Stad Esch-Uelzecht.

1999 huet de Claude Turmes op der Lëscht vun deene Grénge fir d'Wale fir dat Europäescht Parlament kandidéiert a gouf als Deputéierte gewielt. 2002 gouf e Vizepresident vun der Fraktioun déi Gréng/Fräi Europäesch Allianz am Europaparlament. Hien ass 2004, 2009 an 2014[1] dohin erëmgewielt ginn.

Dem 20. Juni 2018 gouf hien zum Staatssekretär am Ëmweltministère an der Regierung Bettel-Schneider ernannt, wou en de stënterlech verstuerwene Camille Gira ersat huet.[2]

Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 gouf hien, als Kandidat fir déi Gréng am Walbezierk Norden, an d'Chamber gewielt.[3] Hien huet op dat Mandat verzicht, a gouf de 5. Dezember 2018 als Minister fir Landesplanung an Energie an der Regierung Bettel-Schneider-Braz vereedegt. No der Demissioun vun der Carole Dieschbourg den 22. Abrëll 2022 huet hien zousätzlech den Interim am Ëmweltministère iwwerholl[4][5].

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Claude Turmes – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Européennes 2014: Résultats officieux" op elections.lu.
  2. "Neie Staatssekretär: Designatioun Claude Turmes confirméiert, 20. Juni Vereedegung." rtl.lu, 15.06.2018, 14:19:03.
  3. elections.lu
  4. D'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg demissionéiert. 100komma7.lu,. Gekuckt de(n) 22. Abrëll 2022.
  5. Arrêté grand-ducal du 22 avril 2022 portant attribution temporaire de compétences ministérielles à Monsieur Claude Turmes, Ministre. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2022-04-25.