Conservatoire vum Norden

Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Conservatoire vum Norden, offiziell Conservatoire de musique du Nord, och nach Conservatoire du Nord an CMNord genannt, ass eng Museksschoul mat enger Schoul zu Dikrech an enger zu Ettelbréck.

De Museksconservatoire vum Norden nieft dem CAPe zu Ettelbréck

Geschicht änneren

De Conservatoire vum Norden ass am Joer 2002 aus der Fusioun vun de Museksschoul vun Ettelbréck an Dikrech entstanen. Den Dikrecher Conservatoire ass 1894 vum Schoulmeeschter Pierre Olinger gegrënnt ginn, wärend et de Conservatoire vun Ettelbréck schonn zënter 1854 gëtt.

Duerch en Arrêté grand-ducal vum 5. Juli 2002[1] gouf dësen Zesummeschloss an d'Schafe vum Gemengesyndikat mat dem Numm Syndicat intercommunal pour l'organisation et la gestion d'un établissement d'enseignement musical dekretéiert, deen d'Gestioun vum Conservatoire iwwerhëlt.

De Centre des arts pluriels Edouard-Juncker gouf 2000 un d'Gebai vum Conservatoire vum Norden ugebaut.

2014/2015 waren 1.400 Museksschüler Conservatoire vum Norden ageschriwwen. Si si vu 64 Enseignante betreit ginn.[2]

Ensembelen aus dem Conservatoire vum Norden änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Cf. Arrêté grand-ducal du 5 juillet 2002 autorisant la création du syndicat intercommunal des villes de Diekirch et d'Ettelbruck pour l'organisation et la gestion d'un établissement musical. Mémorial B Nr. 51: 789-801 vum 6. August 2002. PDF (139 kB)
  2. Presentatioun op cmnord.lu (gekuckt den 23. Abrëll 2017)