Gaston Reinig

lëtzebuergeschen Offizéier
Dëse Militärsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Generol (titulaire) Gaston Reinig, gebuer de 17. November 1956 zu Dikrech, war vum 15. Januar 2008 bis den 30. Januar 2013 Chef vum État-major vun der Lëtzebuerger Arméi. Hie war den Nofollger vum Colonel Nico Ries, deen an den Arméisministère versat gouf.

Gaston Reinig
Gebuer 17. November 1956
Dikrech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Dikrecher Kolléisch,
École royale militaire,
Institut des hautes études de défense nationale,
John F. Kennedy School of Government,
École de guerre,
École de l'infanterie
Aktivitéit Offizéier

Virdru war de Gaston Reinig vum 28. Januar 2002 bis zu senger neier Nominatioun Kommandant vum Centre d'Instruction Militaire um Härebierg (Caserne Grand-Duc Jean).

Säin Nofollger als Chef vum État-major gouf de Mario Daubenfeld[1].

2013 krut de Gaston Reinig d'Charge vum militäresche Beroder bei der Lëtzebuerger UN-Vertriedung zu New York.

Hien ass mat der Marie-Anne Schaack bestuet an huet zwee Kanner.

Gielercher änneren

Hien huet follgend Auszeechnungen an Uerde kritt:

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Wechsel an der Spitze der Armee, wort.lu, 30.Januar 2013