Albert Borschette
Den Albert Borschette, gebuer de 14. Juni 1920 zu Dikrech, a gestuerwen den 8. Dezember 1976 zu Bréissel, war e lëtzebuergeschen Diplomat a Schrëftsteller.
Albert Borschette | |
---|---|
Gebuer |
14. Juni 1920 Dikrech |
Gestuerwen |
8. Dezember 1976 Bréissel |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Diplomat, Schrëftsteller |
Säi Liewen
ännerenDen Albert Borschette huet säi Lycée zu Dikrech an an der Stad gemaach an duerno op den Unien zu Aix-en-Provence, Innsbruck, München a Paräis studéiert.
Am Krich gouf en an d'Wehrmacht zwangsrekrutéiert a huet missen un d'Ostfront.[1] Seng Erliefnesser do huet e literaresch verschafft: bal all seng Bicher hunn iergendwéi mat der Sowjetunioun oder mam Krich ze dinn. Fir säi Roman Continuer à mourir krut hien 1957 de SELF-Präis.
Nom Krich war hie Presseattaché am Staatsministère an duerno war hien der Rei no, Vertrieder vu Lëtzebuerg beim ieweschte Kommando vun der franséischer Besatzungsarméi an Däitschland, an der Kontrollkommissioun vun den Alliéierten zu Berlin, a Botschaftssekretär zu Berlin an dann zu Bréissel.
Säin Asaz an a fir Europa kann een als Bäitrag dozou gesinn, weider Kricher an Europa onméiglech ze maachen (an engem vu senge Bicher schreift e vun der "génération sacrifiée"). Tëscht 1958 a 1970 war den Albert Borschette Stännege Representant (Ambassadeur) vu Lëtzebuerg bei den Europäesche Communautéiten, der spéiderer Europäescher Unioun.
Tëscht 1970 an 1976 war hien, ënner de successive Presidentschafte vum Franco Maria Malfatti, Sicco Mansholt a François-Xavier Ortoli, Member vun der Europäescher Kommissioun ("Kommissär"), zoustänneg fir d'Konkurrenz. Ënner senger Zoustännegkeet koum et ënner anerem zum Zerschloe vum Zockerkartell. Vun 1970 bis 1973 war en zousätzlech Kommissär fir Regionalpolitik an de Budget.
No him genannt ass e Konferenzzentrum zu Etterbeek (Haaptstadregioun Bréissel) an eng Strooss um Kierchbierg, an der Stad Lëtzebuerg (Rue Albert-Borschette).
Säi Wierk
änneren- Journal russe (1946)
- Itinéraires (1952)
- Continuez à mourir (1959)
- Itinéraires soviétiques, Bréissel (André De Rache éd.), 1971; 244 Säiten.
- Literatur und Politik (1954)
Gielercher
änneren- Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1960)[2]
Kuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Fédération des enrôlés de force - Albert Borschette - Documents. www.ons-jongen-a-meedercher.lu. Gekuckt de(n) 16.07.2020.
- ↑ Memorial A N°17 vum 17. Mäerz 1960 op stradalex.lu gekuckt den 12. Abrëll 2022