Ralph Richardson

englesche Schauspiller


De Sir Ralph David Richardson, gebuer den 19. Dezember 1902 zu Cheltenham an England a gestuerwen den 10. Oktober 1983 zu London, war en englesche Schauspiller.

Ralph Richardson
Ralph Richardson trailer.jpg
Gebuertsnumm Ralph David Richardson
Gebuer 19. Dezember 1902
Cheltenham
Gestuerwen 10. Oktober 1983
London
Doudesursaach Hireschlag
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Filmregisseur
Famill
Bestuet mat Meriel Forbes
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Ralph Richardson huet nieft dem Laurence Olivier an dem John Gielgud zu de bedeitendste brittesche Charakterduersteller vu senger Generatioun gezielt. Am Theater hat hie mat Rollen a Shakespeare-Stécker vill Erfolleg.

Hie war an iwwer 80 bekannte Kinos- an TV-Filmer ze gesinn, wéi: Anna Karenina (1948) vum Julien Duvivier, The Fallen Idol (1948) vum Carol Reed, Richard III (1955) vum Laurence Olivier, Exodus (1960) vum Otto Preminger an Doctor Zhivago (1965) vum David Lean.

FilmographieÄnneren

als RegisseurÄnneren

  • 1952: Home at Seven - Haaptacteuren: Margaret Leighton, Jack Hawkins

Um SpaweckÄnneren

Commons: Ralph Richardson – Biller, Videoen oder Audiodateien