Alex Donnersbach
Den Alex Donnersbach, gebuer den 9. Januar 1992 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Affekot a Politiker (CSV).[1]
Alex Donnersbach | |
---|---|
Gebuer |
9. Januar 1992 Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Affekot, Politiker |
Partei | CSV |
Liewen a Karriär änneren
Den Alex Donnersbach huet no sengem Lycée am Stater Atheneum zu Bréissel Droit studéiert, mat Spezialisatioun am Droit administratif. Hien ass zanter 2020 Affekot.[2]
2012 gouf hie Member vun der CSV.[2] Bei de Gemengewalen 2017 gouf hien op där hirer Lëscht an de Walfer Gemengerot gewielt. Bei de Gemengewale vum 11. Juni 2023 gouf hien duer erëmgewielt a gouf Member vum Schäfferot.[1]
Hie war Kandidat bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 op der CSV-Lëscht am Walbezierk Zentrum. Hie gouf net direkt gewielt, ass awer den 21. November 2023 fir de Serge Wilmes nogeréckelt, deen e Ministeschmandat ugeholl hat.[3]
Den Alex Donnersbach ass zanter 2018 President vun der Chrëschtlech-Sozialer Jugend.[4]
Um Spaweck änneren
Commons: Alex Donnersbach – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Virgänger: Christophe Hansen Stéphanie Weydert |
Generalsekretär vun der CSV zanter 2024 |
Nofollger: - |
Referenzen änneren
- ↑ 1,0 1,1 Fiche op chd.lu (nogekuckt 2023-11-24).
- ↑ 2,0 2,1 Florian Javel: "Alex Donnersbach: Der ewige Oppositionelle ist am Ziel angekommen." wort.lu [w+], 07.12.2023.
- ↑ (fr)La Chambre est désormais complète. Chambre des députés du grand-duché de Luxembourg. Gekuckt de(n) 2023-11-21.
- ↑ "Alex Donnersbach neuer CSJ-Präsident." wort.lu, 8. Dezember 2018.