Christian Weis

lëtzebuergeschen Assistant social a Politiker

De Christian Weis, gebuer den 22. Februar 1986 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Politiker (CSV).

Christian Weis
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Haute École Louvain en Hainaut,
Universitéit vu Léiwen
Aktivitéit Assistant social, Politiker

Liewen a Karriär änneren

De Christian Weis huet vun 2006 un op der Haute école Louvain en Hainaut studéiert an 2009 e Bachelor als Assistant social gemaach. Duerno war hien op der Universitéit vu Léiwen an huet säi Studium an de Politikwëssenschafte mat engem Master ofgeschloss.[1]

Hien huet vun 2015 bis Enn 2023 als Sozialaarbechter beim Roude Kräiz a war vun 2018 bis 2020 Dozent op der Uni Lëtzebuerg am Fach „bachelor en sciences sociales et éducatives“.[1]

2016 ass de Christian Weis an den Escher Gemengerot nogeréckelt an 2017 gouf hien direkt op der Lëscht vun der CSV an de Gemengerot vun der Stad Esch-Uelzecht gewielt. Am September 2020 gouf hien, wéi am Koalitiounsaccord vun der CSV-DP-déi gréng-Koalitioun virgesinn, Schäffen amplaz vun der Mandy Ragni (Déi Gréng).[2]

Bei de Gemengewale vum 11. Juni 2023 gouf hien als Zweeten op der Lëscht vun der CSV, mat 3.657 Stëmmen, an den Escher Gemengerot erëmgewielt a gouf nees Schäffen.[3]

Nodeems de Georges Mischo de 17. November 2023 Minister an der Regierung Frieden-Bettel gouf, an dofir d'Escher Buergermeeschteschplaz huet missen opginn, gouf de Christian Weis den 29. November 2023 vum Gemengerot zum neie Buergermeeschter vun Esch-Uelzecht gewielt, an de 7. Dezember 2023 vereedegt.[3]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 (fr)Christian Weis. linkedin.com. Gekuckt de(n) 16.11.2023.
  2. Nicolas Anen: Esch: Christian Weis wird neuer Schöffe." wort.lu, 25.09.2020.
  3. 3,0 3,1 Glenn Schwaller: "Christian Weis wird neuer Bürgermeister in Esch." wort.lu [w+], 16.11.2023.