Stéphanie Weydert
D'Stéphanie Weydert, gebuer den 30. Abrëll 1984 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass eng lëtzebuergesch Politikerin (CSV).
Stéphanie Weydert | |
---|---|
Gebuer | 30. Abrëll 1984 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
![]() |
D'Stéphanie Weydert huet Droit studéiert an dëse Studium mat jee engem Master op der Universitéit Aix-Marseille III, der Universitéit Paris II Panthéon-Assas an dem King's College London ofgeschloss. Si ass zanter 2011 um Lëtzebuerger Barreau ageschriwwem a vu Beruff Wirtschaftsaffekotin.[1]
Si gouf bei de Gemengewalen am Oktober 2017 an de Gemengerot vun der nei fusionéierter Gemeng Rouspert-Mompech gewielt, wou si Éischt Schäffin gouf. Nom Récktrëtt vum Romain Osweiler[2] gouf si am September 2022 als nei Buergermeeschtesch vereedegt.[3] No de Gemengewale vum 11. Juni 2023 gouf si an där Fonktioun confirméiert.[4]
Si ass ausserdeem, zanter Mäerz 2022, zesumme mam Christophe Hansen, Generalsekretärin vun der CSV.[5]
Um Spaweck Änneren
Referenzen Änneren
- ↑ 1,0 1,1 Fiche op paperjam.lu (gekuckt 2022-09-17).
- ↑ "Bürgermeister Romain Osweiler tritt zurück." wort.lu, 18.05.2022.
- ↑ "Bürgermeisterin Stéphanie Weydert im Interview: 'Die Fusion ist in manchen Köpfen noch nicht angekommen'." wort.lu, 17.09.2022.
- ↑ (fr)Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins. mint.gouvernement.lu (04.07.2023). Gekuckt de(n) 04.07.2023.
- ↑ "Congrès du CSV: Large soutien pour Elisabeth Margue et Stéphanie Weydert." wort.lu, 27.03.2022.