Konservatismus oder Kon­ser­va­ti­vis­mus ass e Sammelbegrëff fir politesch a philosophesch Positiounen, déi sech op d'Traditioun bezéien.[1] E riicht sech generell géint Verännerungen a wëll d'gesellschaftlech Uerdnung weiderféiere wéi se ass a begrënnt dat mat hirer Stabilitéit a Kontinuitéit, oder e riicht sech op d'mannst géint abrupt Verännerungen (deenen hir stäerkst Ausdrocksform d'Revolutioun ass).[2] Verschidde konservativ, sougenannte "reaktionär" Stréimunge sinn dogéint fir d'Restauratioun vun enger fréierer gesellschaftlecher Uerdnung a wëllen zeréckgoen, fir datt et sou gëtt "wéi et virdru war".

Konservatismus ass nieft dem Liberalismus an dem Sozialismus eng vun den dräi grousse politesche Ideologien, déi sech am 18. an am 19. Joerhonnert an Europa entwéckelt hunn. De Begrëff gëtt mat Politik aus dem Mëtt-rietse Spektrum verbonnen a gëtt fir eng grouss Diversitéit vun Opfaassunge benotzt. Et gëtt keng universell konservativ Politik, well d'Bedeitung vum Konservatismus dovun ofhänkt, wat an enger bestëmmter Gesellschaft zu enger bestëmmter Zäit als traditionell empfonnt gëtt.

Referenzen änneren

  1. Bundesstelle für politische Bildung: Konservatismus (gekuckt den 11. Juni 2015)
  2. Urs Altermatt, Martin Pfister: Konservatismus am Historisches Lexikon der Schweiz