Den Émile Schaus, gebuer den 12. Februar 1903 zu Rëmmereg am Préizerdall, a gestuerwen den 19. Juli 1994 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Pedagog, Politiker a Schrëftsteller.

Émile Schaus
Gebuer 12. Februar 1903
Rëmmereg
Gestuerwen 19. Juli 1994
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Politiker, Schrëftsteller

No senge Studiejoren zu Paräis, München a Berlin gouf den Émile Schaus Sproochprofesser, fir d'éischt zu Dikrech, duerno am Kolléisch an der Stad. Wéinst senge patrioteschen Usiichte gouf hie vun den Nazi-Besatzer an d'Lager Wittlich, d'SS-Sonderlager Hinzert an dunn an d'Konzentratiounslager Dachau verschleeft.

Duerch glécklech Ëmstänn koum de Schaus schonn 1942 fräi. 1945 war hien e puer Méint innepolitesche Redakter beim Luxemburger Wort an am selwechte Joer gouf en zum Direkter vun der Normalschoul ernannt, e Posten, op deem hie bis 1959 bliwwen ass.

Den Émile Schaus war ee vun de Grënner vun der AFP an do bis 1951 Generalsekretär.

Den Ufank vu senger politescher Carrière waren d'Gemengerotswalen 1952. De Schaus koum an de Stater Gemengerot, an 1958 gouf hie CSV-Schäffen, an ee Joer méi spéit war en ënner dem Pierre Werner Minister fir Akerbau, Erzéiung, Bevëlkerung a Famill. No 1964 war hien Deputéierten an der Chamber, Vertrieder vu Lëtzebuerg am Europarot a fir d'lescht Member vum Europäesche Parlament. 1968 huet den Émile Schaus d'Politik un den Nol gehaangen, an hien huet vu senger Pensioun profitéiert fir ze schreiwen.

Do koume villerlee Bicher eraus: Krichsmemoiren, Lokalgeschichtleches, Jugendliteratur wéi Paul und Zorro oder Familljeromaner wéi Marianne Bourkels. Awer och scho virdrun hat hie Munneches geschriwwen, wéi 1946 Aus den Memoiren eines Douaniers.

Dem Émile Schaus säi literarescht Wierk änneren

  • Auf der Galeere. Ein Kriegsroman, e Buch dat 1982 relativ spéit erauskoum ass dem Schaus seng Ausenanersetzung mat der Nazi-Diktatur. An dësem autobiographesche Schlësselroman begleet de Lieser dem Schaus säin Held Tony Bourkels, e "gudde Lëtzebuerger" duerch d'Hell vun der Nazi-Diktatur.
  • Schne'g. Eine Katzengeschichte, ass e Krichsroman, an deem dat deeglecht Liewe vun enger Stater Famill an den éischte Krichsjore verwuess ass mam märcheméissege Liewe vun engem Kueder.
  • Aus den Memoiren eines Douaniers heescht dem Schaus säin zweete Roman.

Um Spaweck änneren