Pierre Grégoire
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Pierre Grégoire, gebuer den 9. November 1907 zu Viichten, a gestuerwen den 8. Abrëll 1991 zu Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen CSV-Politiker, Journalist a Schrëftsteller. Hien huet sech duerch eng laang Rei vu Publikatiounen ausgezeechent, déi hien ënner sengem Numm oder ënner de Pseudonymmen Gregor Stein, Peter Stein, Erio oder Jopiter verëffentlecht huet.
Pierre Grégoire | |
---|---|
Gebuer |
9. November 1907 Viichten |
Gestuerwen |
8. Abrëll 1991 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Athénée de Luxembourg |
Aktivitéit | Politiker, Diplomat, Journalist, Schrëftsteller |
Partei | CSV |
Hien ass de Papp vum Sumerolog Jean-Pierre Grégoire.
Seng Karriär
änneren- Als Postbeamten huet hie seng Karriär ugefaangen
- Vun 1933 un war hie Redakter am Luxemburger Wort
- Am Krich war hie vum Okkupant an d'Konzentratiounslagere Mauthausen a Sachsenhausen verschleeft ginn.
- Nom Zweete Weltkrich war hie jorelaang Generalsekretär vun der CSV
- 1959-1964: Inneminister, Verkéiersminister, Minister fir Konscht a Kultur an der Regierung Werner-Schaus I
- 1964-1967: Bildungsminister, Kulturminister a Minister fir den Ëffentlchen Déngscht an 1967-1969 Ausseminister, Arméisminister, Kulturminister an der Regierung Werner-Cravatte.
- 1969-1974: President vun der Chamber
- De Pierre Grégoire gouf duerno Éierepresident vun der Lëtzebuerger Chamber
Seng Publikatiounen
ännerenKuckt seng Bibliographie (245 Titelen!), zesummegestallt vum Carlo Hury, in: Pierre Grégoire gesehen mit den Augen seiner Freunde; Festschrëft fir dem P. Grégoire säi 75. Gebuertsdag, erausgi vum André Heiderscheid a vum Fernand Hoffmann, Lëtzebuerg, Sankt-Paulus Verlag, 1982.
No him genannt
ännerenAls Undenken un de Pierre Grégoire gouf zu Péiteng eng Strooss (Rue Pierre Grégoire) no him genannt.
Gielercher
änneren- Großes Goldenes Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich[1].
Bibliographie
änneren- Ed Kayser, Pierre GRÉGOIRE 1907-1991 ; in: 400 Joer Kolléisch, Band II, Lëtzebuerg (Sankt-Paulus Verlag), 2003; Ss. 405-406. ISBN 2-87963-419-9.
Um Spaweck
ännerenCommons: Pierre Grégoire – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Virgänger | Generalsekretär vun der CSV | Nofollger |
---|---|---|
Lambert Schaus | 1952 - 1960 | Nicolas Mosar |
Referenzen
änneren- ↑ Lëscht vun de Persounen déi tëscht 1952 an 2012 d'Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich kruten