Elisabeth Margue

lëtzebuergesch Politikerin a Juristin

D'Elisabeth Margue, gebuer de 7. Abrëll 1990 an der Stad Lëtzebuerg,[1] ass eng lëtzebuergesch Affekotin a Politikerin (CSV). Zanter dem 17. November 2023 ass si Justizministesch an Delegéiert Ministesch fir Kommunikatioun a Meedien, sou wéi fir d'Relatioune mam Parlament, an der Regierung Frieden-Bettel.[2]

Elisabeth Margue
Gebuer 7. Abrëll 1990
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Jongelycée,
London School of Economics,
Universitéit Panthéon-Assas,
Universitéit Panthéon-Sorbonne
Aktivitéit Affekot, Politiker
Partei CSV

Karriär änneren

D'Elisabeth Margue huet no hirer Première am Lycée de garçons Luxembourg zu Paräis (Sorbonne an Assas) an op der London School of Economics and Political Sciences Droit studéiert an dëse Studium mat engem Master, souwéi engem LL.M., ofgeschloss.[1]

Den 11. Oktober 2022 ass si, als nächstgewielt op der Zentrumslëscht vun der CSV bei den 2018er Chamberwalen, an d'Chamber nogeréckelt, fir d'Viviane Reding, déi hiert Mandat néiergeluecht hat.[3][4] Bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 gouf si erëmgewielt[5]. Si huet op hiert Deputéiertemandat verzicht, fir de 17. November 2023 Ministesch fir Justiz, an Delegéiert Ministesch fir Medien a Kommunikatioun, a fir d'Bezéiunge mam Parlament, ze ginn.

Bis zu hirer Vereedegung als Ministesch, am November 2023, war si zanter 2016 Member vum Barreau vun der Stad Lëtzebuerg, zanter 2017 Member vum Stater Gemengerot[1],[6] a Senior-Associée an der Affekoten-Etüd Arendt&Medernach.[7]

D'Elisabeth Margue war vun 2016 bis 2018 Presidentin vun der CSJ. Si war du vun 2019 bis 2023 Co-Parteipresidentin vun der CSV[1] an ass zanterhier Presidentin vun där Partei. [8]

Si ass Mamm vun engem Meedchen.

Um Spaweck änneren

Commons: Elisabeth Margue – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Fiche op vdl.lu (gekuckt 2022-09-13).
  2. Assermentation des membres du gouvernement 2023. gouvernement.lu, 17.11.2023.
  3. "CSV-Deputéiert Viviane Reding huet hir Demissioun agereecht." rtl.lu, 13.09.2022.
  4. (fr)La Margue CSV, La nouvelle députée Elisabeth Margue s’affiche libérale mais écolo-compatible. Portrait d'une jeune notable. d'Lëtzebuerger Land (21.10.2022). Gekuckt de(n) 18.3.2023.
  5. (fr)Résultats détaillés - Centre. elections.public.lu. Gekuckt de(n) 10.10.2023.
  6. David Thinnes: "So sieht der neue Gemeinderat der Stadt Luxemburg aus." wort.lu [w+], 12.07.2023.
  7. Fiche op medernach.com (gekuckt 2022-09-13).
  8. "Claude Wiseler demissionéiert als Co-Parteipresident vun der CSV." rt.lu, 27.11.2023.