André Jung
Den André Jung, gebuer den 13. Dezember 1953, ass e Lëtzebuerger Schauspiller, deen déi meescht Zäit vu senger Karriär - iwwer honnert Rollen - an der Schwäiz an an Däitschland verbruecht huet.
André Jung | |
---|---|
Den André Jung, 2009, wéi en den Nestroy-Theaterpreis kritt | |
Gebuer |
13. Dezember 1953 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Bünekënschtler, Museker, Schauspiller |
Member vun | Akademie der Künste Berlin |
Famill | |
Geschwëster | Emile Jung |
Kanner | Sophie Jung, Marie Jung |
Tëscht 1973 an 1976 ass den André Jung op d'Staatliche Hochschule für Musik und Darstellende Kunst zu Stuttgart gaangen.
Wierken am Ausland
ännerenVun 1976 u war hien ë. a. zu Heidelberg, Basel, Zürich, Bréissel, Stroossbuerg a Frankfurt am Main engagéiert.
Seng éischt Engagementer hat hie bei den Theateren zu Heidelberg a Basel, 1985/86 koum en an d'Schauspielhaus vun Zürich. Vun 1988 bis 1993 war en am Ensembel vum Theater Basel wou e virun allem mat de Regisseure Werner Düggelin, Herbert Wernicke, Hans Hollmann, David Mouchtar-Samorai, Jossi Wieler a Christoph Marthaler gespillt huet.
1993 ass den André Jung bei d'Deutsche Schauspielhaus Hamburg gewiesselt, wou en ë. a. ënner dem Christoph Marthaler a Kasimir und Karoline, Die Spezialisten an Die Stunde Null oder Die Kunst des Servierens, gespillt huet, an ënner der Regie vum Jossi Wieler am Peter Handke sengem Kaspar, dem Shakespeare sengem Wintermärchen an dem Tankred Dorst sengem Merlin.
1997 huet hien tëschenduerch zu Bréissel an der Opéra de la Monnaie d'Tenorroll an Orphée aux Enfers (vum Jacques Offenbach) gesongen. 1998 huet hien an der Uropféierung vun der Elfriede Jelinek hirem er nicht als er (Regie: Jossi Wieler) zu Salzburg matgespillt, an och am Horváth sengem Zur schönen Aussicht (Regie: Christoph Marthaler) an dem Ariadne auf Naxos (Regie: Jossi Wieler).
Vun 2000 bis 2004 war den André Jung nees beim Schauspielhaus vun Zürich engagéiert, wou en ë. a. an Drei Schwestern (Regie: Stefan Pucher), Winter (Regie: Jossi Wieler), Anatomie Titus Fall of Rome Ein Shakespearekommentar vum Heiner Müller, an dem Johan Simon senger Inszenéierung vun Die zehn Gebote (no de Filmer Dekalog 1 - 10 vum Krzysztof Kieslowski a Krzysztof Piesiewicz) gespillt huet. Niewelaanscht ass en och mat de Münchner Kammerspiele opgetrueden, ë. a. am Patrick Barlow sengem Der Messias (Regie: Nikola Weisse) an der Elfriede Jelinek hirer Uropféierung vun "In den Alpen" (Regie: Christoph Marthaler).
Zanter der Saison 2005/06 ass hie beim Ensembel vun de Münchner Kammerspiele engagéiert. wou en an Die Bakchen vum Euripides (Regie: Jossi Wieler) an dem Johan Simons senger Inzeenéierung vun "Elementarteilchen" ze gesi war. Hien huet och a Robinson Cruso, die Frau und der Neger nom John M. Coetzee sengem Roman Foe gespillt (Regie: Johan Simons).
Wierken zu Lëtzebuerg
ännerenZu Lëtzebuerg schafft hien ëmmer nees an Inzeenéierunge vum Frank Hoffmann mat, z. B. an Der Theatermacher (nom Thomas Bernhard, 2003) oder Der Widerspenstigen Zähmung (eng Koproduktioun mat de Ruhrfestspiele vu Recklinghausen, 2006).
Den André Jung spillt och a ville Kino- an Tëleesfilmer mat, dorënner och de Lëtzebuerger (Ko-)Produktiounen Die Reise das Land, Schacko Klak, Three Shake-a-leg Steps to Heaven, Le Club des Chômeurs, La Revanche, Perl oder Pica, Deepfrozen, Doudege Wénkel, Eng nei Zäit, De Superjhemp retörns an déi 2. Saison vu Capitani.
Bei der 7. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis war hien an der Kategorie "Bescht kënschtleresch Kontributioun" fir Eng nei Zäit nominéiert.[1]
Filmer
ännerenKino
änneren- Vermischte Nachrichten (1986), vum Alexander Kluge mam Norbert Blüm a Marita Breuer
- Die Reise das Land (1987), vum Frank Hoffmann a Paul Kieffer mam Mathias Kniesbeck a Josiane Peiffer
- Schacko Klak (1991), vum Frank Hoffmann a Paul Kieffer mam Claude Wagner, Paul Greisch a Myriam Muller
- Geteilte Nacht (1992), vum Pius Morger mam Meret Becker
- Three Shake-a-leg Steps to Heaven (1993), vum Andy Bausch mam Désirée Nosbusch an Udo Kier
- Back in Trouble (1997), vum Andy Bausch mam Thierry van Werveke, Nicole Max an Ender Frings
- Große Gefühle (1999), vum Christof Schertenleib mam Manuela Biederman
- Le Club des Chômeurs (2001), vum Andy Bausch mam Thierry van Werveke, Camillo Felgen a Myriam Muller
- Das Experiment (2001), vum Oliver Hirschbiegel mam Moritz Bleibtreu a Christian Berkel
- Joy Ride (2001), mam Claudia Knabenhans
- Os imortais (2003), vum António-Pedro Vasconcelos mam Joaquim de Almeida an Emmanuelle Seigner
- Im Nordwind (2004), vum Bettina Oberli mam Judith Hofmann
- La Revanche (2004), vum Andy Bausch mam Thierry van Werveke a Sascha Ley
- Perl oder Pica (Film) (2006), vum Pol Cruchten mam Ben Hoscheit an Nicole Max
- Deepfrozen (2006), vum Andy Bausch mam Thierry van Werveke a Peter Lohmeyer
- Lumen (2007), (Kuerzfilm) vum Philip Koch mam Julia Thurnau a Luc Feit
- Luftbusiness (2008), vum Dominique de Rivaz mam Dominique Jann an Thierry van Werveke
- Freigesprochen (2007), vum Peter Payer mam Corinna Harfouch an Thierry van Werveke
- Vorne ist verdammt weit weg (2007), vum Thomas Heinemann mam Frank-Markus Barwasser a Peter Lohmeyer
- Die Besucherin (2008), vum Lola Randl mam Sylvana Krappatsch
- Réfractaire (2009), vum Nicolas Steil mam Marianne Basler an Thierry van Werveke
- Giulias Verschwinden (2009), vum Christoph Schaub mam Corinna Harfouch a Bruno Ganz
- Der Fürsorger (2009), vum Lutz Konermann mam Roeland Wiesnekker a Katharina Wackernagel
- Tunnelblicke (2009), (Kuerzfilm) vum Julius Grimm mam Sandra Ahrabian
- Die große Plai Chumpon Totenpart (2010) (Kuerzfilm), vum Valerie Bäuerlein
- Trouble no more (2010), vum Andy Bausch mam Marco Lorenzini an Ender Frings
- Der letzte schöne Herbsttag (2010), vum Ralf Westhoff mam Julia Koschitz
- Der Solist (2011) (Kuerzfilm) vum Pierre Hansen
- Doudege Wénkel (2012), vum Christophe Wagner mam Jules Werner
- Die Erfindung der Liebe (2013), vum Lola Randl mam Maria Kwiatowsky a Sunnyi Melles
- Adieu Paris (2013), vum Franziska Buch mam Jessica Schwarz a Jean-Yves Berteloot
- Eng nei Zäit (2015), vum Christophe Wagner, mam Luc Schiltz an Eugénie Anselin
- Egon Schiele:Tod und Mädchen (2016) vum Dieter Berner
- Rusty Boys (2017) vum Andy Bausch mam Fernand Fox a Pol Greisch
- Es war einmal in Deutschland (2017) vum Sam Garbarski, mam Moritz Bleibtreu
- De Superjhemp retörns (2018) vum Félix Koch, mam Désirée Nosbusch a Luc Feit
- De Buttek (2019) vum Luc Feit
- Wanda, mein Wunder (2020) vun der Bettina Oberli
- Le chemin du bonheur (2021) vum Nicolas Steil
- Der Passfälscher (2022) vun der Maggie Peren
- Maret (2023) vun der Laura Schroeder
- Little Duke (2023) vum Andy Bausch
Televisioun (Auswiel)
änneren- Tatort (Episod: Flash) (2022)
- Capitani S02 (2022)
- Unbroken (6 Episoden) (2021)
- Tatort (Episod: Damian) (2018)
- Krieg der Träume (an 2 Episoden, 2018)
- Bella Block (Episod: Bitterer Verdacht) (2001)
- Ariadne auf Naxos (2001)
- Polizeiruf 110 (Episod: Kleine Dealer, große Träume) (1996)
- Die Stunde Null oder Die Kunst des Servierens (1996)
- Ausgerechnet Zoé (1994)
- Déi zwéi vum Bierg (1985) (TV-Serie)
Gielercher
änneren- 1981 an 2002 gouf e vun der däitscher Fachzäitschrëft Theater heute zum Schauspieler des Jahres gewielt.
- 2000 krut den André Jung de Schauspielpreis der Stadt Hamburg
- 2009: Nestroy-Theaterpreis, Beschte Schauspiller
- Officier am Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 2017)[2]
- Theaterpräis Gertrud-Eysoldt-Rank 2018[3]
- 2019: Prix Lions 2019, iwwerreecht am Nationale Literaturzentrum zu Miersch
Literatur
änneren- Germaine Goetzinger, 2019. "Kein Schauspieler kann schöner stolpern als Du". Die Warte Nr. 19|2019 vum 20. Juni 2019, S. 2-3. [Ried op Lëtzebuergesch vun der Germaine Goetzinger beim Iwwerreeche vum Prix Lions 2019 un den André Jung].
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ cineuropa.org: Luxembourg's D'Filmakademie unveils nominations for its biennial awards (16. Dezember 2015)
- ↑ Nationalfeierdag 2017 "Haut kucke mir op dat, wat mir gemeinsam hunn Andréck vun der offizieller Zeremonie an der Philharmonie, an där ë. a. de Grand-Duc geschwat a Matmënschen ausgezeechent huet op www.rtl.lu"
- ↑ André Jung bekommt Eysoldt-Ring 2018 op wort.lu den 21. Dezember 2018, gekuckt den 21. Dezember 2018