Le chemin du bonheur

Spillfilm vum Nicolas Steil (2021)

Le chemin du bonheur ass e lëtzebuergesch-belsch-franséische Spillfilm vum Nicolas Steil aus dem Joer 2021. En hat de 27. August 2021 Première um 12. Festival du film francophone zu Angoulême a koum den 23. Mäerz 2022 zu Lëtzebuerg an d'Kinoen, nodeems en um 12. LuxFilmFest gewise gouf.

Le chemin du bonheur
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Belsch
Frankräich
Produktiounsjoer 2021
Première 27. August 2021
Dauer 115 Min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Franséisch
Ekipp
Regie Nicolas Steil
Dréibuch Michel Fessler
Henri Roanne-Rosenblatt
Nicolas Steil
Fotografie Pierre Milon
Musek Kyan Bayani
Produktiouns-
gesellschaft
Iris Productions
Iris Films
Tu Vas Voir
Schauspiller
Simon Abkarian
Pascale Arbillot
Django Schrevens
André Jung
Michel Vuillermoz
Eric Caravaca
Helena Noguerra
Lenny Gaggioli
Amos Suchecki
Roxane Duran
Raoul Schlechter
Tania Garbarski
Nathalie Laroche
Mathilda May
Brigitte Fossey
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film?

änneren

De Saül Birnbaum bedreift eng Snack-Bar, déi thematesch op de Kino ausgeriicht ass. Zesumme mam Joakin, engem chileenesche Regisseur, dee virum Pinochet-Regimm geflücht war, wëll hien e Film iwwer dem Saül seng Kandheet maachen: Hie war nämlech am Alter vu 6 Joer vu sengen Elteren op e sougenannte Kindertransport vu Wien op Bréissel geschéckt ginn, wat hie fir ëmmer vu sengen Eltere getrennt huet, ma him och d'Liewe gerett huet...

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren