Trouble No More (Film)
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Film vum Andy Bausch. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Trouble No More. |
Trouble no more ass e lëtzebuergesche Film vum Andy Bausch aus dem Joer 2010.
![]() | |
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Lëtzebuerg Schwäiz |
Produktiounsjoer | 2010 |
Première | 2010 |
Originalsprooch | Lëtzebuergesch |
Ekipp | |
Regie | Andy Bausch |
Dréibuch | Andy Bausch |
Fotografie | Carlo Thiel |
Musek |
Guy Schmit Serge Tonnar |
Schnëtt | Misch Bervard |
Produzent |
PTD Fama Film Rattlesnake Productions |
Produktiouns- gesellschaft | Paul Thiltges Distributions |
Schauspiller | |
Marco Lorenzini als Ray Guddebur Nilton Martins als Jorsch Hervé Sogne als Zizou Ender Frings als Chuck Moreno Nicole Max als Jenny Jacoby Nora Koenig als Tess Jakoby Jean-François Wolff als Fränz André Jung als Angelo Frédéric Frenay als Mike Germain Wagner Luc Feit Josiane Peiffer Marc Faber Monique Reuter Serge Tonnar Christian Kmiotek Henri Baumert Pitt Simon Petz Schaack Pipo Petro Max Thommes Ed Sauer Christiane Rausch Giles Soeder Jupp Guddenburg Modestine Ekete Daniel Plier Jeanne Wiltgen Schlomit Butbul | |
En hat den 23. Mäerz 2010 Avant-Première an ass dräi Deeg drop an de Kinoen ugelaf.
Ëm wat geet et am Film?Änneren
Nodeem de Jacques Guddebuer (alias Johnny Chicago) no engem Bankiwwerfall vun der Police erschoss gi war, versicht den Chuck Moreno, mat Hëllef vum Jacques sengem Brudder, dem Ray Guddebuer, dem Johnny Chicago säi leschte Wonsch z'erfëllen: eng Rees an Amerika. Dofir wëlle se seng Äschen op Chicago bréngen. Allerdéngs sinn dem Jacques seng Fra, d'Jenny, an och seng Duechter, d'Tess, eng Polizistin, vun där Iddi net grad begeeschtert...
TriviaÄnneren
Trouble no more ass den drëtten Deel vun enger Johnny-Chicago-Trilogie, déi 1988 mat Troublemaker ugefaangen huet an 1998 mat Back in Trouble virugefouert gouf. Well den Haaptacteur vun deenen zwéin éischte Filmer, den Thierry van Werveke, am Januar 2009 gestuerwe war, huet den Andy Bausch d'Dréibuch vun dësem Film missen ëmschreiwen. Den Johnny Chicago ass deemno dout am Film an trëtt just a Form vun enger Urn op. De Film gouf am Summer 2009 virun allem an de Stater Quartiere Gare, Bouneweg an Hollerech, mä och bei Chicago gedréint.
E gouf am Ganze vu 6.978 Leit am Kino gesinn.[1]
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
ReferenzenÄnneren
- ↑ "Box office films luxembourgeois 1981-2012" op cna.public.lu (gekuckt:2013-01-19).