Nicole Max
lëtzebuergesch Schauspillerin
D'Nicole Max, gebuer de 6. Dezember 1961 zu Beetebuerg, ass eng lëtzebuergesch Schauspillerin.
Nicole Max | |
---|---|
Gebuer |
6. Dezember 1961 Beetebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Schauspiller |
D'Nicole Max huet zu Paräis 3 Joer laang eng Schauspiller-Ausbildung gemaach. Si lieft a schafft zanter ufanks der 1980er Joren an der franséischer Haaptstad, spillt awer och ëmmer nees an däitschen an a lëtzebuergesche Produktioune mat. Hir éischt Filmroll hat se am Andy Bausch sengem Troublemaker.
Filmographie
ännerenKino
änneren- 1988: Troublemaker vum Andy Bausch
- 1993: D'sandauer vum Christian Delcourt mam Sascha Ley
- 1995: Letters Unsent vum Andy Bausch (Kuerzfilm)
- 1997: Back in Trouble vum Andy Bausch
- 1997: Ende des Frühlings vum Christian Riss
- 1998: Die Braut vum Egon Günther
- 2000: Der Felsen vum Dominik Graf
- 2004: Retrograde vum Christopher Kulikowski
- 2004: Sur Terre vum Grégory Chatonsky
- 2005: Villa corpus vum Sébastien Bailly (Kuerzfilm)
- 2006: Perl oder Pica vum Pol Cruchten
- 2008: Tausend Ozeane vum Luki Frieden mam Thierry van Werveke
- 2009: Verso vum Xavier Ruiz
- 2009: La dernière fugue vum Lea Pool
- 2010: Trouble no more vum Andy Bausch
- 2011: Der Solist (Kuerzfilm) vum Pierre Hansen mam André Jung
- 2012: Doudege Wénkel vum Christophe Wagner
- 2011: Adieu Paris vum Franziska Buch mam Sandrine Bonnaire an Franziska Schwarz
- 2013: Fieber vum Elfi Mikesch mam Martin Wuttke a Eva Mattes
- 2017: The Past We Live In vum Jerome Weber - (Kuerzfilm)
- 2020: Io sto bene vum Donato Rotunno mam Renato Carpentieri a Marie Jung
- 2024: Äddi a Merci vum Chris Poulles - (Kuerzfilm)
Televisioun
änneren- Warburg (1990) TF1
- Der Millionär (1991) ZDF
- Tatort - Kesseltreiben (1993) ARD
- Tatort - Du hast keine Chance (2001) ARD
- Tatort - Zielscheibe (2001) ARD
- Die Verbrechen des Professor Capellari - Eine ehrenwerte Gesellschaft (2002) ZDF
- Weemseesdet (2011-12) RTL Télé Lëtzebuerg
- Capitani (2019) RTL Télé Lëtzebuerg
Theater (Auswiel)
änneren- Vendredi Saint vum Gilles Defacque
- Requiem vun der Anna Akhmatova
- Der Reigen vum Arthur Schnitzler
- The Blue Room vum David Hare
- Bash vum Neil Labute
- Festen vum Thomas Vinterberg
- Ibrahim Sultan vum C.D. von Lohenstein
- Nackt steh ich vor euch vun der Joyce Carol Oates
- Après la pluie vum Sergi Belbel
- La nuit immobile vum Gilles Boulan
- Botz vum Guy Rewenig
- Léonce et Lena vum Georg Büchner
- Mäcbess vum William Shakespeare an der Iwwersetzung vum Jean-Michel Treinen
- Moi j'étais femme dans les tableaux de Modigliani vum Philippe Faure
- Jouons un peu, ça ne fait pas mal vum Max Gad