Lëtzebuerger Filmpräis 2016

Déi 7. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis war de 5. Mäerz 2016.

De beschte Spillfilm, Eng nei Zäit

Präiszeremonie

änneren

D'Präisverdeelung vun der 7. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis war de 5. Mäerz 2016 am Groussen Theater vun der Stad Lëtzebuerg. Moderéiert gouf se vun der Schauspillerin Eugénie Anselin an dem Schrëftsteller Claude Frisoni.[1]

A Kompetitioun stounge 16 Koproduktiounen, 4 Long-Metragen, 9 Documentairen, 12 Kuerzfilmer an 3 Animatiounsfilmer, aus denen d'Membere vun der Lëtzebuerger Filmakademie hire Choix getraff hunn.[1]

De Regisseur Christophe Wagner krut fir seng säin Nokrichszäit-Thriller Eng nei Zäit vum Premierminister Xavier Bettel an der Buergermeeschtesch Lydie Polfer de Präis fir de beschte Spillfilm iwwerreescht.[2] Déi selwecht Ekipp vu Samsa Film hat an där Kategorie scho bei der Editioun virdru mam Film Doudege Wénkel gewonnen.

Präisdréier an Nominéierungen

änneren

De Gewënner an all Kategorie ass fett ervirgehuewen.[3]

Beschte Lëtzebuerger Fiktiouns-Spillfilm

änneren

Beschte Fiktiouns-Kuerzfilm

änneren

Beschten Animatiouns-Kuerzfilm

änneren

Bescht Animatiouns-Koproduktioun

änneren

Bescht Fiktiouns-Koproduktioun

änneren

Beschten Documentaire

änneren
 
Black Harvest krut de Präis fir de beschten Documentaire

Bescht kënschtleresch Kontributioun

änneren

Bescht technesch Kontributioun

änneren

D'Josée Hansen vum Lëtzebuerger Land huet kritiséiert, datt an de Kategorien "Bescht kënschtleresch Kontributioun" a "Bescht technesch Kontributioun" Persoune mat ganz ënnerschiddleche Profiller zesumme geworf goufen (zum Beispill Dréibuchauteuren, Schauspiller a Komponisten), an datt net-Residente vun enger Nominéierung ausgeschloss waren. Den Organisateure war dat, fir eng deloyal Konkurrenz vu groussen Nimm aus dem Ausland, déi a Koproduktioune matgewierkt hunn, ze verhënneren. [4]

Referenzen

änneren
  1. 1,0 1,1 filmfund.lu: Lëtzebuerger Filmpräis 2016 (gekuckt den 23. November 2021)
  2. gouvernement.lu: Palmarès du 7e Lëtzebuerger Filmpräis (7. Mäerz 2016)
  3. filmfund.lu: Lëtzebuerger Filmpräis 2016: les nominations sont dévoilées (16. Dezember 2015)
  4. land.lu: C’est pas mal (pour un Luxembourgeois) vum Josée Hansen (26. Februar 2016)