Der Passfälscher

Filmdrama vum Maggie Peren (2022)

Der Passfälscher ass en däitsch-lëtzebuergescht Filmdrama vun der Maggie Peren, dat den 13. Februar 2022 am Kader vun den Filmfestspiller zu Berlin seng Première hat. Et ass eng Filmbiografie iwwer den Cioma Schönhaus, deen den Zweete Weltkrich iwwerlieft huet, andeems en ë. a. Päss gefälscht huet.

Der Passfälscher
Film
Produktiounsland Däitschland,
Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2021
Première 13. Februar 2022
Dauer 116 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Däitsch
Ekipp
Regie Maggie Peren
Dréibuch Maggie Peren
Fotografie Christian Stangassinger
Musek Mario Grigorov
Produktiouns-
gesellschaft
Amour Fou Luxembourg,
Network Movie,
Dreifilm
Schauspiller
Louis Hofmann,
Jonathan Berlin,
Luna Wedler,
Marc Limpach,
André Jung,
Nina Gummich,
Luc Feit,
Jeanne Werner,
Steve Karier
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Fim? änneren

1942: Den Cioma Schönhaus, e jonke jiddesche Mann a geléierte Grafiker, decidéiert sech zu Berlin ze 'verstoppen', andeems e sech eng falsch Identitéit als Marineoffizéier zouleet, an esou ënner d'Leit kann, wéi wann näischt wier. Hien huet och en Talent, Pabeieren ze fälschen, woumat e sëlleche Leit, déi op der Flucht virun den Nationalsozialiste sinn, d'Liewe rett. Ma dat ass net ouni Geforen ...

Produktioun änneren

De Film gouf vum 18. Januar bis den 2. Mäerz 2021 an Däitschland an zu Lëtzebuerg opgeholl.

Zu Lëtzebuerg gouf an den Hale vun ArcelorMittal-Schëffleng, an de Kasematten an am Industriepark Fond-de-Gras gedréint.[1]

Literatur änneren

  • Der Passfälscher. Die unglaubliche Geschichte eines jungen Grafikers, der im Untergrund gegen die Nazis kämpfte. Hrsg. von Marion Neiss. Scherz Verlag, Frankfurt am Main 2004. ISBN 3-502-15688-3

Um Spaweck änneren

Commons: Der Passfälscher – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Martin Theobald: "Um des Überlebens Willen". d'Lëtzebuerger Land Nr.7, 18.02.2022, S.18.