Den Emile "Mil" Jung, gebuer den 21. Juni 1946, a gestuerwen den 12. Februar 2023[1], war e lëtzebuergesche Liichtathleet a Staatsbeamten.

Mil Jung
Gebuer 21. Juni 1946
Gestuerwen 12. Februar 2023
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Leefer
Famill
Geschwëster André Jung

Berufflech war hien ë. a. héije Conseiller am Educatiounsministère a bis 1997 Direkter vum Service Information et Presse vum Staatsministère.[2]

Als Leefer huet hien 1969 de Landesrekord iwwer 400 Meter mat 47,4 Sekonnen opgestallt, deen iwwer säin Doud eraus ongeschloe blouf. Hie war och eelef Joer laang President vun der Fédération luxembourgeoise d'athlétisme (FLA).

Hie war de Brudder vum André Jung.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 16. Februar 2023, S. 26
  2. Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: "De Mil Jung ass e Sonndeg gestuerwen." rtl.lu, 13.02.2023.