Eugénie Anselin
franséisch-lëtzebuergesch Schauspillerin
D'Eugénie Anselin, gebuer 1992[1][2] zu Poissy (Yvelines)[2], ass eng franséisch-lëtzebuergesch[1] Schauspillerin.
Eugénie Anselin | |
---|---|
Gebuer | 1992 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg, Frankräich |
Educatioun | Hochschule für Gestaltung und Kunst |
Aktivitéit | Schauspiller |
Si ass an Däitschland, an duerno zu Lëtzebuerg opgewuess. Mat 16 Joer huet si ugefaangen, hir éischt "One-woman-show" Attention chantier en cours ze schreiwen, déi ë. a. um Festival Humour pour la paix opgefouert gouf. Si huet nom Lycée op der Zürcher Hochschule der Künste Schauspill studéiert.
Zënter 2009 spillt si am Theater.
Si huet an der Sitcom Weemseesdet an och an e puer Filmer matgespillt. 2015 huet si am Christophe Wagner sengem Eng nei Zäit d'Mathilde interpretéiert.
FilmographieÄnneren
als SchauspillerinÄnneren
- Weemseesdet (2011) (verschidde Regisseuren)
- Mobile home (2012) vum François Pirot
- Errances (Kuerzfilm, 2013), vum Marylene Andrin
- Die dunkle Seite des Mondes (2015) vum Stephan Rick
- Eng nei Zäit (2015) vum Christophe Wagner
- Bad Banks (2018, Televisiounsserie)
- Deux (2019) vum Filippo Meneghetti
als RegisseurinÄnneren
- Adam Kuerzfilm (2023)