Dës Säit beschäftegt sech mat der Bäilag vum Luxemburger Wort Die Warte. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Die Warte (Homonymie).

Die Warte / Perspectives, allgemeng als 'd'Warte bekannt, ass eng kulturell Bäilag zur Dageszeitung Luxemburger Wort. Se kënnt all Donneschden eraus an huet eng eege Redaktioun um Siège vu Saint-Paul.

Si huet d'Ënnertitele Vue hebdomadaire sur les arts et les idées an Das Feuilleton im Luxemburger Wort. Reegelméisseg Theeme si Musek, Reportagen, Geschicht, Philosophie, Relioun, Literatur a Lyrik. Donieft gëtt et nach Rubricken.

Déi éischt Nummer[1] ass samschdes den 2. Oktober 1948 erauskomm; de Grënner vun der Warte war den deemolege "Wort”-Redakter Pierre Grégoire.[2]

Bis den 29. September 2016 sinn 2518 Ausgaben erauskomm.

Als Virleefer vun der Warte gëllt Die Rundschau.

Referenzen änneren

  1. Luxemburger Wort vum 2. Oktober 1948
  2. Lenners, P., 1998. 50 Jahre "Warte"!: am 2. Oktober 1948 erschien die erste Nummer der kulturellen Beilage des “Luxemburger Wort”. In: Die Warte. - Lëtzebuerg. - Joer 51(1998), n° 27 = n° 1858 (1. Oktober), S. [1].