Germaine Goetzinger

D'Germaine Goetzinger, gebuer de 5. Mee 1947 zu Diddeleng, ass eng lëtzebuergesch Professesch (Germanistik), Literaturwëssenschaftlerin, Historikerin an Auteur.

Germaine Goetzinger
Germaine Goetzinger November 2013-001.jpg
D'Germaine Goetzinger bei der Presentatioun vun hirem Buch Wuertwiertlech. 57 Rieden, den 11. November 2013 am Waassertuerm + Pomhouse zu Diddeleng
Gebuer 5. Mee 1947
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Historiker, Literaturwëssenschaftler
Member vun Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Si war bis 1995 Enseignante, a vun du bis 2012 Direktesch vum Lëtzebuerger Literaturzentrum.[1]

Hire Fuerschungsschwéierpunkt läit bei der däitscher Literatur vum Vormärz an der Fraeliteratur, mä och allgemeng der Literatur zu Lëtzebuerg.

D'Germaine Goetzinger ass Member vun der Section des arts et lettres vum Institut grand-ducal a gouf de 14. Oktober 2010 als "membre correspondant" an d'Académie nationale de Metz opgeholl.[2]

2011 gouf si mam Lëtzebuerger Bicherpräis ausgezeechent.

Wierk (Auswiel)Änneren

LiteraturÄnneren

  • (G.C.), Centre national de littérature - Un départ en toutes lettres: Germaine Goetzinger s'apprête à quitter la direction du CNL ; in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 16. Februar 2012; S. 16.
  • (Redaktioun), Germaine Goetzinger - Abschied nach 17 Jahren ; in: Tageblatt, Ausgab vum 17. Februar 2012; S. 13.

Um SpaweckÄnneren

Commons: Germaine Goetzinger – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. Pressecommuniqué vum 7. Mäerz 2012 vum Kulturministère.
  2. Baustert, R., 2010. Germaine Goetzinger reçue à l'Académie Nationale de Metz: une Luxembourgeoise à l'honneur en France: la directrice du "Centre National de Littérature" succède à Jean Moes. Luxemburger Wort 2010, Nr. 247 (22. Oktober), S. 16.