Little Duke
Little Duke ass e lëtzebuergesche Spillfilm vum Andy Bausch, deen den 19. Abrëll 2023 am Kinepolis seng Avant-première hat[3] an deen déi Woch drop, de 26. Abrëll, am Kino ugelaf ass. Et handelt sech ëm e Filmdrama.[4]
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
![]() |
Produktiounsjoer | 2022 |
Première | 2023 |
Dauer | 100 min. |
Originalsprooch | Lëtzebuergesch |
Ekipp | |
Regie | Andy Bausch |
Dréibuch | Andy Bausch, Frank Feitler |
Fotografie | Carlo Thiel |
Musek | Serge Tonnar |
Schnëtt | Félix Sorger |
Produzent | Paul Thiltges, Adrien Chef[1] |
Produktiouns- gesellschaft | Paul Thiltges Distributions |
Schauspiller | |
André Jung: Mill Luc Feit: Victor "Schumi" Schumacher Valérie Bodson: Florence 'Flou' Marco Lorenzini: Bernie Mayson Bossi: Jules Elisabet Johannesdottir: Dani Knepper Larisa Faber: Myriam Schumacher Steve Karier: Paschtouer Marie Jung: Joffer Annick Timo Wagner: Massimo Josiane Peiffer: Mme Deltgen Sophie Langevin: Gérante Luxusbuttik Hervé Sogne: M. Martin Jean-Paul Maes: Notaire Engel Nickel Bösenberg: Kannerpsycholog Véronique Kinnen: Sonja Serge Tonnar: Martinelli Mayalani Moes: Polizistin Claire Johnston: Claire Philippe Meyrer: Folschette Anouk Wagener: voll Fra Christian Kmiotek: Bankmanager Monique Reuter: Portier Spillschoul Serge Wolf: Serveur Trattoria Paul Robert: Polizist Petz Schaack: Stammclient Sascha Ley: Elodie Rosalie Maes: Assistante sociale Anne Brionne: Infirmière Renelde Pirlot: Vendeuse Pitt Simon: Vollert Al Ginter: Polizist Christiane Rausch: Riichterin[2] | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre ![]() |
Ëm wat geet et am Film? Änneren
De "Little Duke" ass en iresche Pub am Pafendall, dee vum O'Hara gefouert gëtt. Hien ass al an huet zwéi Zéibouwen, de Mill an Schumi. De Mill huet eng Duechter, d'Dani, Mamm vum klenge Jules. Den O'Hara stierft a seng zwéi Protégéën ierwen de Pub. Mee domat kommen och eng ganz Rei Problemer op si zou...
Produktioun Änneren
D'Dréibuch fir de Film huet den Andy Bausch zesumme mam Frank Feitler geschriwwen, mat deem hie schonn 2017 fir Rusty Boys kollaboréiert huet.
D'Dréiaarbechte waren am Mee an am Juni 2022, ënner anerem am Filmland an am Pafendall.[5]
Um Spaweck Änneren
- Trailer op vimeo.com.
Referenzen Änneren
- ↑ De Film op ptd.lu
- ↑ Fiche op imdb.com; Trailer.
- ↑ Marc Thill: "Der neue Andy-Bausch-Film treibt Tränen ins Auge." wort.lu, 20.04.2023.
- ↑ De Film op filmfund.lu
- ↑ lequotidien.lu: «Little Duke» : Andy Bausch paye son tournage (15. Mee 2022)