Haaptmenü opmaachen

Schacko Klak (Film)

Film
(Virugeleet vu(n) Schacko Klak)

Schacko Klak ass e lëtzebuergesche Film vum Frank Hoffmann a Paul Kieffer aus dem Joer 1990. E baséiert op Elementer aus dem Roman Schacko Klak vum Roger Manderscheid.

Schacko Klak
Schacko Klak (Poster).jpg
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 23 Dezember 1989
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Equipe
Regie Frank Hoffmann
Paul Kieffer
Dréibuch Frank Feitler
Paul Kieffer
nom Roman vum
Roger Manderscheid
Fotografie Jean-Louis Sonzogni
Musek Marcel Wengler
Produzent Paul Kieffer
Ody Roos
Schauspiller
Claude Wagner als Chrëscht
André Jung als Papp
Michèle Clees als Mamm
Paul Greisch als Grousspapp
Josiane Peiffer als Tatta Zëss
Ulrich Eichenberger als Monni Pir
Myriam Muller als Nell
Alain Hoffmann
Steve Karier
Shirin Fabeck
Christian Kmiotek
Alexandra Ley
Gaston Gengler

Ëm wat geet et am Film?Änneren

De Film spillt 1942 an engem klenge Lëtzebuerger Duerf. D'Lëtzebuerger Land ass vun Hitlerdäitschland besat. Aus der Vue vum Chrëscht, engem Bouf vun 11 Joer, ginn d'Ännerungen am Duerf an am Duerfliewen, bedéngt duerch de Krich, erzielt.

SossÄnneren

De Film gouf am Ganze vun 11.003 Leit gesinn.[1]

Schacko Klak huet zwéi Golden Butterfly-Präisser (1990 an 1992) als beschte Film um Isfahan International Festival of Films for Children & Young Adults gewonnen.

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. "Box office films luxembourgeois 1981-2012" op cna.public.lu (gekuckt:2013-01-19).