Sascha Ley
D'Sascha Ley, gebuer den 13. September 1967 zu Saarbrécken, ass eng däitsch-lëtzebuergesch Schauspillerin, Komponistin a Sängerin.
Sascha Ley | |
---|---|
Gebuer |
13. September 1967 Saarbrécken |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Sänger, Komponist, Jazzmuseker, Theaterschauspiller, Filmschauspiller |
Liewen a Karriär
ännerenD'Sascha Ley huet hir Kandheet bis 11 Joer tëscht Lëtzebuerg an Däitschland verbruecht, an ass duerno an der Stad Lëtzebuerg opgewuess.
Nieft dem Gesank an dem Schauspill gëtt si sech an de leschte Joren och ëmmer méi mat der Kompositioun, dem Schreiwen a geleeëntlech der Dramaturgie-Regie fir Danztheaterproduktiounen of.
2005 gouf si op der Berlinale als European Shooting Star fir Lëtzebuerg designéiert, 2004 krut si de Präis fir déi bescht Interpretatioun vun de More Songs For Life vun der Aids-Hëllef-Initiativ.
2009 ass si mat hirem Trio KALIMA mat dem Prix du public vum Tremplin JAZZ d'Avignon ausgezeechent ginn.
Zanter hirem éischte selwerkomponéierten Album "Travelling Light" 2007 huet d'Sascha Ley sechs Album produzéiert a verëffentlecht, a war op weideren als guest singer present.
Filmer (Auswiel)
ännerenKino
änneren- Little Duke, vum Andy Bausch (2022)
- Strangers, vum Eric Lamhène (2021)
- Maret, vum Laura Schroeder (2021)
- Endstatioun, vum François Baldessare (2021)
- Cosmodrama, vum Philippe Fernandez (2015)
- Fieber, vum Elfi Mikesch (2014)
- Hannah Arendt, vum Margarethe von Trotta (2012)
- House of Boys, vum Jean-Claude Schlim (2009)
- Lettres de Julia, vum Isabelle Costantini (2009)
- Räuberinnen, vum Carla Lia Monti (2008)
- You for me, vum Cyrus Nevshad (2007)
- Time for new heroes, vum Christian Neumann (2007)
- Deepfrozen, vum Andy Bausch (2005)
- La Revanche, Andy Bausch (2004)
- Autobahnraser, vum Michael Keusch (2004)
- De tweeling, vum Ben Sombogaart (2002)
- CQ, vum Roman Coppola (2001)
- Shadow of the Vampire, vum Elias E. Merhige (1999)
- 8½ Women, vum Peter Greenaway (1998)
- Back in Trouble, Andy Bausch (1997)
- D'Sandauer als (Alexandra Ley), vum Christian Delcourt (1994)
- Schacko Klak als (Alexandra Ley), vum Paul Kieffer a Frank Hoffmann (1989)
- Van Drosselstein vum Andy Bausch (1983)
Tëlee
änneren- Tatort "Teufel im Leib", H.C. Blumenberg (2004)
- De nouvelles vies, Stéphane Kurc (2004)
Musek
ännerenSouwuel am Gesank wéi och an hire Kompositioune beweegt sech d'Sascha Ley fléissend tëscht Jazz, fräier Improvisatioun, imaginärem Folklore, dem Chanson a geleeëntlechem Flirt mat zäitgenëssescher Musek.
Si huet bei der hollännescher Sängerin Reinette van Zijtveld un der DJAM Jazz School zu Amsterdam a spéider zu Kenny Seymour an um Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg studéiert, gefollegt vu Stagen a Masterclass mam Meredith Monk, Gabriele Hasler, Sainkho Namtchylak, Shelley Hirsch a Frank Köllges. Um Jazz India Vocal Institute zu Mumbai huet si ënner der Leedung vun Dhanashree Pandit-Rai Ablécker an de klasseschen Hindustanesche Gesank kritt.
D'Sascha Ley séngt a komponéiert fir hir eege Pojeten an op Optrag fir Filmmuseken, Radio a Studio.
Discographie
änneren- 1999: Heute Abend: Lola Blau
- 2001: Mutant Standards (Garlicks feat. Sascha Ley)
- 2007: Travelling Light
- 2010: Kalima (als Kalima)
- 2013: Everything Within (als Kalima) | Neuklang
- 2015: The Wee Hours (Sascha Ley & Laurent Payfert)
- 2019: It's Alright To Be Everywhere (Sascha Ley & Laurent Payfert) | JazzHausMusik
- 2021: Saluti a Peppino (Georg Ruby Village Zone feat. Sascha Ley) | JazzHausMusik
- 2022: In Between | JazzHausMusik
Gielchen
änneren- Chevalier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2013)[1]
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Promotion générale dans les Ordres nationaux 2013 am Ministère de la Culture Archivéiert de(n) 10.10.2013. Gekuckt de(n) 24.01.2015.