Harrison Ford

US-amerikanesche Schauspiller
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem US-amerikanesche Schauspiller, deen als Star-Wars-Acteur bekannt gouf. Fir en aneren US-amerikanesche Schauspiller, deen a Stommfilmer geschafft huet, kuckt wgl. Harrison Ford (Stommfilmschauspiller).

Den Harrison Ford, gebuer den 13. Juli 1942 zu Chicago, Illinois, ass en US-amerikanesche Schauspiller. De Ford, deen ë. a. an dräi Filmer vun der Star-Wars-Serie als Han Solo ze gesi war, gëllt als ee vun deene Schauspiller vun der Filmgeschicht, déi am meeschte kommerzielle Succès hunn. Och an der Roll vum Archeolog an Aventurier Indiana Jones, déi en zanter 1981 a bis ewell 4 Filmer gespillt huet, ass hien enorm populär. A Filmer wéi Mosquito Coast (1986) und Regarding Henry (1991) konnt hie säi Kënnen als Charakter-Schauspiller ënner Bewäis stellen.

Harrison Ford
Gebuer 13. Juli 1942
Chicago
Nationalitéit USA
Aktivitéit Schauspiller, Filmproduzent, Synchronspriecher, Ëmweltaktivist, Zammermann, Pilot
Partei Demokratesch Partei
Famill
Bestuet mat Calista Flockhart
Geschwëster Terence Ford

Seng éischt gréisser Nieweroll an engem Film war am George Lucas sengem Klassiker American Graffiti. An den 1960er an 1970er Joren huet hien als Schräiner geschafft, ier en als Schauspiller am éischte Star-Wars-Film säin Duerchbroch hat.

Filmographie änneren

Kino änneren

vun 1966 bis 1969 änneren

vun 1970 bis 1979 änneren

vun 1980 bis 1989 änneren

vun 1990 bis 1999 änneren

vun 2000 bis 2009 änneren

vun 2010 bis 2016 änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Harrison Ford – Biller, Videoen oder Audiodateien