2-Euro-Gedenkmënzen

Wikimedia-Lëschtenartikel

2-Euro-Gedenkmënzen si Mënze vun der gemeinsamer europäescher Wärung, dem Euro, am Wäert vun 2,- €, déi en aneren Design op der nationaler Säit hu wéi dee gewinnten.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Euromënzen.

Vun 2003 un hunn d'Memberstaate vun der Eurozon d'Méiglechkeet ënner gewësse Konditiounen där Mënzen erauszeginn. Mat hinne kann an der ganzer Eurozon bezuelt ginn.

2004 änneren

2004 hunn dat véier Länner aus der Eurozon gemaach: Griicheland mat enger Gedenkmënz fir d'Olympesch Spiller zu Athen, Finnland mat engem 2-Euro-Stéck fir un d'EU-Erweiderung z'erënneren, Lëtzebuerg, wou ee sech freet, wat genee commémoréiert soll ginn, well et just de Portrait vum Groussherzog Henri an engem aneren Design weist, an Italien, dat eng Mënz zum "World Food Programme" vun der FAO erausginn huet.

2005 änneren

2005 huet am Februar d'Lëtzebuerger Zentralbank eng Commemoratiounsmënz erausginn, fir un de 50. Gebuertsdag vum Grand-Duc Henri an den 100. Doudesdag vum Groussherzog Adolphe z'erënneren. De Grand-Duc ass och op engem belschen 2-Euro-Stéck ze gesinn, wou en zesumme mam belsche Kinnek Albert II. drop ass, fir de 75. Joresdag vun der UEBL ze commemoréieren. D'Spuenier gedenken dem 400. Anniversaire vum Don Quixote (deem säin Auteur, de Miguel de Cervantes, schonn op de 'giele' Cent-Mënzen drop ass), d'Éisträicher de 50 Joer vun hirem Staatsvertrag, Finnland senger Memberschaft an der UNO an Italien der Ënneschreft vun der Europäescher Constitutioun zu Roum, dat Joer virdrun.

2006 änneren

2006 huet Däitschland eng Serie ugefaangen, op där d'Bundeslänner zu Éiere kommen. Dat éischt ass Schleswig-Holstein, ze gesinn ass d'Lübecker Holstentor. Lëtzebuerg wierdegt dem Ierfgroussherzog Guillaume säi 25. Gebuertsdag, an d'Italiener maache fir d'Olympesch Wanterspiller zu Turin Reklamm. D'Belsch weisen houfreg den Atomium, dee frësch restauréiert gouf, an d'Finnen erënneren un d'Aféiere vum Allgemenge Walrecht virun 100 Joer.

2007 änneren

2007 hunn allen 13 Memberlänner vun der Eurozon eng Gedenkmënz fir d'50järegt Bestoe vun de Réimeschen Traitéen erausginn. D'Opschrëft ass an deene verschiddene Landessproochen (am Fall vun der Belsch zum Deel souguer op Latäin, well keng Plaz fir allen dräi wier); soss ass den Design d'selwecht. Verschidde Memberlänner vun der EU, déi net den Euro als Wärung hunn, goufen doriwwer eraus Gedenkmënzen an hirer eegener Devise mam nämmlechten Design eraus.

Ausserdeem ass Däitschland virugefuer mat senger Serie iwwer d'Bundeslänner, 2007 war Mecklenburg-Vorpommern mam Schweriner Schlass un der Rei. Lëtzebuerg huet de Groussherzogleche Palais als Sujet erausgesicht (wat fir e ronnen Anniversaire deem zugrond läit, ass onkloer) a Portugal seng éischt Gedenkmënz erausbruecht, déi seng EU-Presidence, am 2. Semester, als Sujet huet. Finnland fir säin Deel erënnert un den 90. Anniversaire vu senger Onofhängegkeet.

2008 änneren

Bei den däitsche Gedenkmënzen ass dat Joer Hamburg drun, de Lëtzebuerger Grand-Duc ass dës Kéier mam Schlass Bierg ze gesinn, Frankräich gedenkt senger EU-Conseilspresidence a Slowenien dem 500. Gebuertsdag vum Primož Trubar. 4 Länner - Portugal, d'Belsch, Finnland an Italien - wierdegen de 60. Anniversaire vun der Universeller Deklaratioun vun de Mënscherechter.

2009 änneren

Zum 10. Gebuertsdag vun der Europäescher Wirtschafts- a Wärungsunioun ginn all 16 Länner vun der Eurozon eng Extramënz mam selwechten Design eraus. Lëtzebuerg erënnert zousätzlech un den 90. Anniversaire vun der Trounbesteigung vun der Groussherzogin Charlotte, d'Slowakei ass eng éischt Kéier derbäi mat enger Erënnerungsmënz un den 20. Anniversaire vun der Samettener Revolutioun, Portugal éiert déi 2. Spiller vun der Lusophonie, a bei der däitscher Bundeslänner-Serie ass dat Joer d'Saarland drun. Dem Louis Braille säin 200. Gebuertsdag gëtt vun Italien an der Belsch mënzlech gefeiert, an och Finnland kuckt op den 200. Anniversaire vun der éischter autonomer zentraler Regierungsinstitutioun zeréck.

2010 änneren

An der däitscher Bundeslännerserie ass den Tour u Bremen. Lëtzebuerg huet dem Groussherzog säi Wopen erausgesicht. Spuenie gëtt déi éischt Mënz aus enger neier Serie iwwer UNESCO-Weltierwen eraus: D'Mezquiza-Kathedral vu Córdoba. Slowenien wierdegt den 200. Anniversaire vum botanesche Gaart vu Ljubljana, Portugal deen 100. vu senger Republik, a Frankräich erënnert un den Apell vum 18. Juni 1940 vum Charles de Gaulle, viru 70 Joer. D'Belsch gëtt eng Gedenkmënz zu senger EU-Presidence eraus, Griicheland kuckt zeréck op d'Schluecht vu Marathon virun 2.500 Joer, an Italien op den 200. Gebuertsdag vum Camillo Benso Grof vu Cavour. A Finnland kënnt d'Rahapaja zu Éieren, déi ewell 150 Joer laang Mënze klappt.

2011 änneren

Nordrhein-Westfalen huet 2011 Presidence am Bundesrat an dofir d'Éier, mam Kölner Doum op enger Mënz gewierdegt ze ginn. De spueneschen UNESCO-Site ass dat Joer d'Alhambra, de Generalife an den Albayzin zu Granada. Portugal commemoréiert de Fernão Mendes Pinto, en Entdeckungsreesenden an Auteur vu Reesreportagen. D'Slowakei wierdegt d'20-järegt Bestoe vun der Visegrád-Grupp, a Slowenien den 100. Gebuertsdag vum Franc Rozman Stane. Frankräich zelebréiert den 30. Anniversaire vun der Fête de la Musique, d'Belsch den 100. Weltfraendag, Griicheland d'Special Olympics, déi dat Joer do sinn, an op der lëtzebuergescher 2-Euro-Mënz ass nieft dem Grand-Duc Henri säi Papp, de Grand-Duc Jean a seng Bomi, d'Grande-Duchesse Charlotte ze gesinn, fir drun z'erënneren, datt et 50 Joer hier sinn, datt de Jean Lieutenant-représentant vun der Grande-Duchesse gouf.

Italie bréngt eng Gedenkmënz zum 150. Anniversaire vun der Vereenegung vum Land eraus, a Finnland wierdegt d'200järegt Bestoe vu senger Nationalbank.

Eng éischt Kéier derbäi sinn 2011 Holland, dat de 500sten Anniversaire vum Erasmus vu Rotterdam sengem Luef un d'Eefältegkeet zelebréiert, a Malta, dat eng Serie iwwer seng Verfassungsorganer ufänkt.

2012 änneren

2012 hunn all 17 Länner aus der Eurozon eng Gedenkmënz mam selwechten Design erausgi fir un d'Aféierung vum Euro als Borgeld, virun 10 Joer, z'erënneren.

Doriwwer eraus commemoréiert Lëtzebuerg den 100. Doudesdag vum Groussherzog Wëllem IV., Däitschland éiert, am Bundesland Bayern, d'Schlass Neuschwanstein, d'Belsch de 75. Anniversaire vum Concours Reine Elisabeth, a Portugal de Fait, datt Guimaraes europäesch Kulturhaaptstad ass. De spueneschen UNESCO-Site fir dëst Joer ass d'Kathedral vu Burgos, iwwerdeems Frankräich un den 100. Gebuertsdag vum Abbé Pierre erënnert a Malta mat senger Verfassungsserie virufiert. Finnland fir säin Deel celebréiert den 150. Gebuertsdag vun der Molerin Helene Schjerfbeck, an Italien den 100. Doudesdag vum Dichter Giovanni Pascoli

2013 änneren

2013 ginn Däitschland a Frankräich eng gemeinsam Mënz zum 50. Anniversaire vum Elysée-Traité eraus. An der däitscher Bundeslännerserie ass den Tour u Baden-Württemberg, representéiert duerch d'Klouschter Maulbronn, iwwerdeems Frankrïch zousätzlech eng Mënz fir den 150. Gebuersdag vum Pierre de Couberin erausbruecht huet.

De spueneschen UNESCO-Site vun dësem Joer ass El Escorial, Malta commemoréiert d'Selbstverwaltung, déi 1921 agefouert gouf, a Slowenien huet d'Grotte vu Postojna als Sujet.

D'Slowakei erënnert un dem Kyrill an dem Method seng Missiounsrees virun 1150 Joer, Portugal un den 250. Annioversaire vum Bau vum Torre dos Clérigos, deem héchste Kierchtuerm am Land, an d'Belsch un d'honnertjäregt Bestoe vum Kinnekleche Meteorologeschen Institut.

Italien éiert gläich zwee Gebuertsdeeg: dee 700. vum Giovanni Boccaccio an deen 200. vum Giuseppe Verdi. Iwwerdeems kënnt an Holland eng Spezialmënz zum Trounwiessel tëscht der Kinnigin Beatrix an hirem Jong Willem-Alexander eraus, an zousätzlech dozou eng fir un d'200 Joer Kinnekräich ze erënneren. Och Lëtzebuerg huet zwou Mënzen erausginn: eng (verspéit) zu der "Prënzenhochzäit" (sou steet drop) vum Ierfgroussherzog Guillaume vu Lëtzebuerg mat der Stéphanie de Lannoy, an eng déi d'Nationalhymn Ons Heemecht thematiséiert. D'selwecht a Finnland an a Griicheland: do gëtt et eng Mënz fir den 150. Anniversaire vum nationale Parlament, an eng zu Éiere vum Schrëftsteller Frans Eemil Sillanpää, respektiv, bei de Griichen, eng fir den Uschloss vu Kreta, virun 100 Joer, an eng zu der Grënnung vun der Platonescher Akademie, virun 2.400 Joer.

2014 änneren

2014 ass bei der däitscher Bundeslännerserie Niddersachsen drun, gewise gëtt d'St.-Michael-Kierch vun Hildesheim. An der spuenescher Weltierweserie ass iwwerdeems den Tour un de Wierker vum Antoni Gaudí zu Barcelona, representéiert duerch de Parc Güell. Spuenie gëtt zousätzlech eng Mënz eraus fir den neie Kinnek Felipe ze éieren.

Och eng ganz Rëtsch aner Länner gi gläich zwou Mënzen eraus: Italien eng zum 450. Gebuertsdag vum Galileo Galilei an eng fir den 200. Anniversaire vun der Grënnung vun de Carabinieri, a Portugal sinn et de 40. Anniversaire vun der Oeillets-Revolutioun an d'Internationaalt Joer vu landwirtschaftleche Familljebetriber, un déi erënnert gëtt, an d'Belsch erënnert un zwee Evenementer vu virun 100 Joer: den Ufank vum Éischte Weltkrich an d'Grënnung vum Belsche Roude Kräiz. Frankräich fir säin Deel huet den Debarquement an der Normandie, 1944, an den Internationalen Dag géint den Aids als Sujeten erausgesicht, Malta d'Onofhängegkeet vun 1964 an 200 Joer malteesesch Police, a Finnland den 100. Gebuertsdag vum Tove Jansson, respektiv vum Ilmari Tapiovaras. Griicheland huet sengersäits de 400. Doudesdag vum Dominikos Theotokopoulos an den Uschloss vun de Ioneschen Inselen als Sujet, iwwerdeems Lëtzebuerg eng Mënz zum Theema "175 Joer Onofhängegkeet an eng zu Éiere vum Groussherzog Jean erausgëtt.

Holland bréngt eng weider Spezialmënz eraus fir den neie Kinnek Willem-Alexander, d'Slowakei eng fir un de Bäitrëtt zu der EU virun 10 Joer ze erënneren, Slowenien eng zum 600. Anniversaire vun der Kréinung vun der Barbara vun Cillis, a Lettland, dat dëst Joer nei derbäi ass, eng zum Theema "Riga Europäesch Kulturhaaptstad 2014".

2015 änneren

Däitschland bréngt 2015 eng Mënz mat der Frankfurter Paulskirche eraus, fir d'Bundesland Hessen ze representéieren, an ausserdeem eng zum Theema 25 Joer Däitsch Eenheet. Och Frankräich bréngt der zwou eraus, eng zum Theema 70 Joer Fridden an Europa und an eng fir de 500. Anniversaire vun der Schluecht bei Marignano, grad sou wéi Lettland, wouvunner eng fir seng EU-Rotsprésidence. Portugal fir säin Deel erënnert mat zwou Mënzen un 150 Joer Portugisescht Rout Kräiz an un de 500. Anniversaire vum "éischte Kontakt" mat Timor.

Lëtzebuerg erënnert un d'Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, virun 200 Joer, a Malta un d'Proklamatioun vun der Republik Malta 1974. D'Slowakei bréngt eng Gedenkmënz fir den 200. Gebuertstag vum Philolog Ľudovít Štúr eraus, a Slowenien eng als Erënnerung un d'Grënnung vun der réimesche Uertschaft Emona virun 2000 Joer (do wou hat Ljubljana ass). Déi spuenesch Unesco-Serie thematiséiert, mat der Zeechnung vun engem Wisent, d'Wandmolereien an der Hiel vun Altamira.

2016 ff. änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Mikrostaaten änneren

Zanter 2004 bréngen och San Marino an de Vatikan all Joer an homeopatheschen Dosen Extra-Mënzen eraus. Monaco war bis ewell 2007, 2011, 2012 an 2013 mat derbäi.

Um Spaweck änneren

Commons: 2-Euro-Gedenkmënzen – Biller, Videoen oder Audiodateien