Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun
D'Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun (och alt verkierzt EU-Presidence oder EU-Rotsvirsëtz genannt) bezitt sech op d'Responsabilitéit, déi ee bestëmmte Memberstaat vun der Europäescher Unioun (EU) 6 Méint laang huet, an déi dora besteet, sämtlech Reunioune vum Conseil vun der Europäescher Unioun z'organiséieren an ze presidéieren. Eng wichteg Aufgab ass awer och, bei deene Reunioune Kompromësser auszeschaffen a virzeschloen, fir datt all kënnen d'accord sinn.
Et gëtt net "de" President vum Conseil vun der Europäescher Unioun, mä et ass all Kéier dee Fachminister aus dem Land, dat d'Presidence huet, dee fir de Sujet, ëm deen et geet, zoustänneg ass. Geet et z. B. ëm e Sujet aus dem Kulturberäich, deen am Juni 2005 am Conseil "Bildung, Jugend a Kultur" beschwat gëtt, ass et de Lëtzebuerger Kulturminister, deen d'Presidence huet.
Da gëtt et och nach den Europäesche Conseil (dacks "EU-Sommet" genannt), bei deem gewéinlech véiermol am Joer d'Staats- a Regierungscheffen zesummekommen. Bis 2009 hat dat Land (oder villméi de Premierminister, respektiv de President vun deem Land), dat d'Presidence vum Conseil hat, d'Presidence dovun. Zënterhier gëtt et e permanente President, de President vum Europäesche Conseil (zënter 2014 den Donald Tusk, virdun den Herman Van Rompuy).
Rotatioun
ännerenFir datt kee Land sech vun engem anere benodeelegt soll fillen, wiesselt d'Presidence all 6 Méint no engem vum Conseil festgeluechte Rotatiounsschema. Well am Laf vun de Jore méi Memberstaaten derbäikomm sinn, dauert et och méi laang, bis ee bestëmmt Land erëm eng Kéier d'Presidence huet. Well se duerch d'EU-Ausbreedung och ëmmer méi opwänneg gëtt, gëtt et Iwwerleeungen, dee System z'änneren.
1958 - 2006
ännerenZënter 2007
ännerenAm Traité iwwer eng Europäesch Constitutioun war virgesinn, datt de Conseilspresident vun de Conseilsmembere fir 2 1/2 Joer gewielt soll ginn, an déi Zäit keen nationaalt Mandat kéint hunn. Well deen Traité Enn 2006 net iwwerall ratifizéiert ass, gouf en neie Rotatiounsprinzip festgeluecht:
D'Presidence gëtt zënter 2007 vun 3 Länner (e sougenannten Triplet) gedeelt, woubäi all Kéier ee vun deene Memberlänner, déi 2004, resp. 2007 bäigetruede sinn, an engem Triplet derbäi ass. D'Iddi ass, datt sou de Programm op annerhallef Joer festgeluecht ka ginn (déi 3 musse sech ofschwätzen) an net all 6 Méint wiesselt. Och wann d'Presidentschaft gedeelt ass, gëtt s'all Semester engem vun den 3 Länner offiziell zougedeelt.
D'Lëtzebuerger Presidencen
ännerenLëtzebuerg hat bis ewell (2015 matgerechent) 12-mol d'Presidence vum EU-Conseil. Dacks goung et dobäi ëm wichteg oder quokeleg Dossieren: 1966 z. B. koum et zum "Kompromëss vu Lëtzebuerg", deen der franséischer "Politik vum eidele Stull" en Enn gemaach huet. D'Presidencë vun 1976 a 1980 ware virun allem vu wärungspoliteschen Theeme markéiert: Déi éischt stoung ganz ënner dem Androck vun der Wärungskris vun de Jore virdrun, an déi zweet war gepräägt vun der Margaret Thatcher hirem bekannten Ausruff "I want my money back!" ("Ech wëll meng Suen erëm!").
1985 koum et ënner Lëtzebuerger Presidence zum Ausschaffe vum Eenheetlechen Europäeschen Akt, deen ë. a. d'Ofstëmme mat qualifizéierter Majoritéit am Conseil a méi Matbestëmmung fir d'Europäescht Parlament erméiglecht huet. D'Presidence vun 1991 stoung ënner dem Androck vum Éischte Golfkrich an dem Éischte Jugoslawiekrich, mä hei gouf och d'Aarbechtsgrondlag fir dat, wat dat Joer drop zu Maastricht als Traité iwwer d'Europäesch Unioun sollt ënnerschriwwe ginn, ausgeschafft.
1997 stoung d'Bekämpfung vum Chômage am Mëttelpunkt; et koum zu der "koordonnéierter Strategie fir Aarbechtsplazen".
Bei der Presidence vun 2005 hunn d'Suen erëm eng wichteg Roll gespillt: Den Euro-Stabilitéitspakt ass reforméiert ginn, an et gouf laang iwwer de Kader vum EU-Budget fir d'Joren 2007-2013 verhandelt, ouni datt et awer zu engem Accord konnt kommen. Dësen ass am Dezember 2005 ënner der brittescher Presidence zustan komm.
Bei der Presidence vun 2015 stoungen och erëm däreg Dossieren um Programm: D'Staatsscholdekris vu Griicheland (an domat verbonnen de méiglechen Austrëtt vu Griicheland aus dem Euro - de sougenannte Grexit), déi onstabel Relatiounen tëscht der EU a Groussbritannien (an e Referendum iwwer e méiglechen Austrëtt aus der EU - de sougenannte Brexit) an dann nach d'Immigratiounspolitik vun der EU no der Flüchtlingskris.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen
ännerenPortal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun. |