Kreta (Κρήτη / Kriti) ass déi gréisst griichesch Insel a mat 8.336 km² Fläch souwéi 1.040 km Küstelinn déi fënneftgréisst Insel am Mëttelmier. Kreta ass ausserdeem ee vun de Verwaltungsbezierker vu Griicheland. Virun der kretescher Südwestküst läit d'Insel Gavdos, de südlechste bewunnte Punkt vun Europa. D'Verwaltungs- a Wirtschaftszentrum vu Kreta ass d'Stad Iráklio (och Heraklion), déi mat hiren 140.000 Awunner och déi gréisst Stad vun der Insel ass.

Kreta
Land Griicheland
Haaptstad Iraklio
Awunner 623.065 (2011)
Fläch 8.335,88 km²
Koordinaten 35°18'35"N, 24°53'36"O
Telefonszon 2821
Websäit http://www.crete.gov.gr/

Geographie änneren

Kreta läit 160 km südlech vum griichesche Festland an ass déi gréisst griichesch Insel am Mëttelmier. D'Insel huet eng gestreckte Form a miesst an Ost-West-Richtung iwwer 260 Kilometer bei enger Breed vu 60 Kilometer. Op der schmuelster Plaz bei Ierápetra) ass Kreta nëmmen 12 Kilometer breed. D'Insel bedeckt eng Fläch vun 8.336 km², hir Küstelinn ass 1.040 Kilometer laang. D'Mier am Norde gëtt Kretescht Mier genannt (gr.: Κρητικό Πέλαγος), dat am Süde Libescht Mier (gr.: Λιβυκό Πέλαγος). D'ëstlecht Enn vu Kreta geet an dat sougenannt Karpathescht Mier eran. D'Messara-Ebene ass mat 140 km² déi gréisst Ebene vun der Insel, a gëtt intensiv landwirtschaftlech exploitéiert.

Op Kreta gëtt et vill Bierger an d'Insel gëtt duerch Biergerketten, déi vi Westen no Oste leeft, bestëmmt. Dës Biergerketten ass bei der Südküst méi géi, am Norde méi flaach. Dës Ketten ass den Deel vun engem Biergermassiv iwwer dem Mier, dat vum Peloponnes iwwer Karpathos a Rhodos bis zum anatolesche Festland geet. Déi véier héchste Bierger op Kreta sinn de Psiloritis (2.456 m), d'Lefka Ori (2.452 m), d'Dikti-Bierger (2.148 m hoch) an d'Thripti-Bierger (1.476 m) am Oste vun der Insel.

Dëse Bierger huet Kreta seng fruchtbar Plateauen (Lasithi, Omalos an Nida) ze verdanken, souwéi d'Diktäesch Höhl an déif Schluchte wéi déi bekannt Samaria-Schlucht.

 
D'Falasarna-Bucht.

Ronderëm Kreta gruppéiere sech eng Partie kleng bewunnten awer och onbewunnten Inselen, déi zesumme mat Kreta eng Inselgrupp duerstellen.

Haaptstad a gréisst Stad vu Kreta ass Iráklio (Heráklion). Aner wichteg Stied sinn Ágios Nikólaos, Archánes, Chania, Ierápetra, Rethymnon a Sitía.

Klima änneren

Op der Insel herrscht e gläichméissegt Mëttelmierklima. Kreta ass mat sengen 300 Sonnendeeg pro Joer zesumme mat Zypern déi sonnegst Insel am Mëttelmierraum. De Summer ass waarm an dréchen, woubäi besonnesch op der Südküst ganz héich Temperature gemooss ginn. De Wanter ass mëll an et reent vill, op de Bierger läit Schnéi.

Duerchschnëttstemperaturen aus Iraklio (Nordküst):

Mount Jan Feb Mäe Abr Mee Jun Jul Aug Sep Okt Nov Dez
Maximal 16 °C 16 °C 17 °C 20 °C 24 °C 28 °C 29 °C 29 °C 27 °C 24 °C 21 °C 17 °C
Durchschnëttl. Dagestemp. 12 °C 13 °C 14 °C 17 °C 20 °C 24 °C 26 °C 26 °C 24 °C 20 °C 17 °C 14 °C
Waassertemp. 16 °C 15 °C 16 °C 17 °C 19 °C 22 °C 24 °C 25 °C 24 °C 23 °C 20 °C 17 °C
Reendeeg 14 11 8 6 3 1 0 0 2 6 8 9

Geschicht änneren

Kreta war den Theater vu villen Episoden an der griichescher Mythologie, sou zum Beispill d'Plaz wou den Zeus op d'Welt komm ass. Seng Mamm Rhea hat hien op der Insel viru sengem Papp Kronos verstoppt. Hei ass den Zeus als Stéier och mat der Europa gewiescht, eng Affär déi zu der Gebuert vum Minos, dem legendäre Kinnek vu Kreta gefouert huet. Dem Minos seng Fra Pasiphaë huet de berühme Minotauros op d'Welt bruecht, deen an engem Labyrinth, wat den Daidalos zu Knossos gebaut huet, gefaange gouf.

 
Minoesche Fresko zu Knossos.

Zanter 7000 v. Chr. (Neolithikum) gouf Kreta vu Vëlker aus Anatolien bewunnt, déi Akerbau a Véizucht bedriwwen hunn. Déi eelst Iwwerreschter aus Toun goufen zu Knossos an zu Phaistos fonnt. Si hunn eng "Grouss Mamm" veréiert, eng Fruchtbarkeetsgëttin. Tëscht 2600 an 2000 v. Chr. sinn nei Awanderer aus dem Osten op Kreta komm. D'Tounwuere goufe méi reng, an et gouf ëmmer méi mat Koffer a Bronze geschafft. Tëscht 2100 a 1650 v. Chr. hat Kreta eng wichteg Positioun am Mëttelmier. Vu 1650-1450 v. Chr. goufen no Naturkatastrophen (Äerdbiewen duerch d'Explosioun vum Santorin) ëmmer méi grouss Site nom Virbild vu Knossos gebaut.

Tëscht 1450 an 1200 v. Chr. ass et mat der Minoescher Kultur op en Enn gaangen. Knossos ass gefall an d'Mykener hunn d'Insel eruewert. Vun 1200 bis an d'Joer 67 v. Chr. hunn d'Kreter nom Modell vun der sozialer Organisatioun vun den Dorer am Schiet vun der klassescher griichescher Kultur gelieft.

Wéi de Rescht vu Griicheland huet och Kreta vu 67 v. Chr. bis 395 zum Réimesche Räich gezielt. Am Fréie Mëttelalter (bis 824) hat Byzanz d'Soen iwwer d'Stad, vun 824 bis 961 waren dunn d'Araber kuerz un der Muecht. Duerno ass Kreta nees u Byzanz gefall, déi d'Insel bis 1204 gehalen hunn. No der Eruewerung vu Konstantinopel duerch d'Kräizritter huet Kreta (ënner dem Numm Candia) zu der Venedeger Republik gehéiert.

1669 sinn d'Tierken agefall, an nodeem si Iraklio eruewert haten, hu si d'Insel fir 200 Joer dominéiert. 1898 gouf Kreta zu enger autonomer tierkescher Provënz. 1913 hunn d'Kreter beschloss, d'Osmanescht Räich ze verloossen, fir sech mat Griicheland ze verbannen. 1922 goufen tierkesch Musulmanen aus Kreta verdriwwen.

Am Zweete Weltkrich koum et 1941 zu der Schluecht vu Kreta wéi däitsch Truppen d'Insel ugegraff hunn, déi vu britteschen a griicheschen Truppe verdeedegt ginn ass.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: [[]].

Administrativ Ënnerdeelungen änneren

D'Insel ass a véier Prefecturen (νομός, Nomos) ënnerdeelt, déi hirersäits nees an 68 Gemengen (δήμος, Dimos) agedeelt sinn. D'Insel Gavdos an d'Uertschaft Asi Gonia – allebéid am Nomos Chania – hunn zum Zäitpunkt vun der Vollekszielung 2001 zu kenger Gemeng gehéiert.

Prefectur Verwaltungssëtz Awunner (2001)
Chania Chania 148.163
Rethymnon Rethymnon 81.781
Iraklio Iraklio 295.312
Lassithi Agios Nikolaos 75.903
Am Ganzen Iraklio 600.159

Kuckeswäertes änneren

 
De Palais zu Knossos.

Als al griichesch Insel gëtt et zu Kreta natierlech eng ganz Partie archeologesch Siten. Dozou zielen de minoesche Landsëtz Agía Photia, de Summerpalais vum Phaistos Agía Triáda, de minoeschen Hafen Amnissos oder den Tempel Anemospilia wou et och zu Mënschenaffer komm ass.

D'minoescht Gebai mam Numm Archanes war warscheinlech e Summerpalais. Aus spéitminoescher Zäit sinn de Kierfecht Armeni, souwéi d'Stad Gournia erhalen. Eng ganz fréi minoesch Uertschaft ass Fúrnu Kórfi. Kuckeswäert sinn och d'Nekropol Fourni an d'minoesch Hafestad Itanos. Aus réimescher Zäit sinn d'Stied Eleftherna a Górtys erhalen. Minoesch Palaise stinn zu Knossos, zu Mália, zu Phaistós an zu Kato Zakros.

Op Kreta gëtt et och eng Partie Kléischter, dorënner Árkadi, Preveli an Toplou.

Literatur zum Theema änneren

  • Klaus Gallas, Kreta. Von den Anfängen Europas bis zur kreto-venezianischen Kunst,DuMont, Köln, 1995.
  • Theocharis E. Detorakis, Geschichte von Kreta., Heraklion, 1997.
  • Oliver Rackham an Jennifer Moody, The making of the Cretan landscape, Manchester University Press, 1996. (ISBN 0-7190-3647-X)
  • J. Lesley Fitton, Die Minoer, Theiss, Stuttgart, 2004.
  • Eberhard Fohrer, Kreta. Reisehandbuch mit vielen praktischen Tipps, Müller, Erlangen, 2006. (ISBN 3-89953-303-8)
  • Dagmar Lange a Monika Wächter, Reiseführer Natur Kreta, BLV, München, 1999. (ISBN 3-405-15524-X)

Um Spaweck änneren

Commons: Kreta – Biller, Videoen oder Audiodateien