D'Visegrád-Grupp ass e labberen Zesummeschloss vun ufanks dräi, duerno véier mëtteleuropäesche Staaten. Se gouf de 15. Februar 1991 vu Polen, der Tschecholslowakei an Ungarn an d'Liewe geruff. Wéi d'Tschecholslowakei sech gedeelt huet, goufen d'Nofollgerstaaten Tschechien an d'Slowakei Memberen.

Déi 4 Länner vun der Visegrád-Grupp.

Am Ufank war d'Zil vun dëse Länner, déi sech zanter kuerzem hire kommunistesche Regimer entleedegt haten, pragmatesch ze kucken, wou se gemeinsam Intressen an Defien hätten, fir sech do ofzeschwätzen. Ufanks waren dat Froen zum Ofzuch vun de sowjeteschen/russeschen Truppen an hire Länner, an d'Positionéierung vis-à-vis vun der NATO an der Europäescher Unioun (EU).

Zanter datt alle véier vun 2004 un, Member souwuel vun der NATO wéi och vun der EU sinn, huet d'Visegrád-Grupp e bëssen u Bedeitung verluer. Se äussert sech nach z. B. doran, datt verschidde Memberlänner gemeinsam diplomatesch Vertriedungen an Drëttlänner hunn. Och kulturellen a wëssenschaftlechen Austausch gëtt vun hir gefërdert.

D'Visegrád-Grupp kënnt zanter 1998 zweemol am Joer zesummen. Hiren Numm kënnt vun der ongrescher Stad Visegrád, wou den Traité ënnerschriwwe gouf, deen d'Grupp gegrënnt huet. Déi war erausgesicht ginn, well sech do schonn eng Kéier 1335 déi béimesch, ongresch a polnesch Kinneke getraff haten, fir wirtschaftlech-politesch Verhandlungen zu féieren.

Um Spaweck änneren