Lusophonie
Lusophonie (Lusofonia) ginn déi Länner a Géigende genannt, wou Portugisesch geschwat gëtt. De Begrëff gouf analog zu deem vun der Francophonie fir de franséischsproochege Raum gebilt a leet sech vum réimeschen Numm Lusitania of, en Deel vum haitege Portugal a vu Westspuenien (Extremadura an déi haiteg Provënz Salamanca).
Am Géigesaz zu der Francophonie ass d'Lusophonie kee politescht Konzept, mä bezitt sech op all déi, déi portugisesch schwätzen.
Zu der Lusophonie ginn déi heite Länner an Territoirë gezielt:
- Amerika: Brasilien
- Afrika: Angola, Cap Vert, Guinea-Bissau, Mosambik, São Tomé a Príncipe
- Asien: Macau, Timor-Leste
- Europa: Portugal
D'Spiller vun der Communautéit vun de portugiseschsproochege Länner gi Jogos da Lusofonia genannt.