D'Oeillets-Revolution (port.: Revolução dos Cravos oder einfach 25 de Abril) gëtt eng Rebellioun vun engem groussen Deel vun der portugisescher Arméi genannt, de 25. Abrëll 1974, géint déi autoritär Diktatur vum sougenannten Estado Novo. Den Numm krut se wéinst de rouden Oeilleten, déi d'Zaldoten - am Kader vum allgemenge Volleksfest an der Freed - an d'Leef vun hire Gewierer gestach haten. D'Revolutioun war sou gutt wéi onbluddeg - et gouf véier Doudeger, wéi regimmtrei Truppe vun der Geheimpolizei PIDE op onbewaffnet Demonstrante geschoss hunn. D'Oeillets-Revolutioun huet de Wee fir déi demokratesch Drëtt Republik a Portugal opgemaach.

Virgeschicht

änneren

Zanter 1926 gouf Portugal vun enger Militärjunta regéiert: fir d'éischt vum Generol Carmona, duerno vun 1932 bis 1968 ënner dem Salazar a bis zum Schluss ënner dem Marcelo Caetano. 1933 gouf duerch eng Verfassungsännerung den Estado Novo ("Neie Staat") agefouert, an deem de parlamentaresche System ofgeschaaft an duerch e paternalisteschen, kathoulesch inspiréierten, pre-moderne Ständestaat ersat gouf. Gewerkschafte goufe verbueden, d'Press zensuréiert, Oppositioneller verfollegt, an de Prisong gestach, gefoltert oder ëmbruecht. D'Bevëlkerung gouf bewosst aarm an ongebilt gehalen, - well d'Schoulflicht op 4 Joer reduzéiert gouf, ware vill Leit Analphabeten -, an alles, wat "modern" war, war verdaamt a verbueden.

1949 gouf Portugal Grënnungsmember vun der NATO, an huet eng decisiv antikommunistesch Haltung am Kale Krich ageholl (wat indirekt gehollef huet de Regimm ze stäerken).

Am Februar 1974 huet den António de Spínola a sengem Buch Portugal e o Futuro ("Portugal an d'Zukunft") analyséiert, wéi wäit Portugal systembedingt wirtschaftlech a kulturell hanner déi aner westeuropäesch Staaten zeréckgefall wier, an huet däitlech gemaach, datt d'Kolonialkricher am Angola an am Mosambik, woufir 50 % vum Staatsbudget dropgoungen an déi vill Mënscheliewe kascht hunn, militäresch net ze gewanne wieren. De Spínola huet eng „nei national Strategie“ virgestallt, an där d'Vollek um politeschen Decisiounsprozess bedeelegt sollt ginn an d'Kolonien e Recht kriten, selwer ze bestëmmen, wat se wéilten.

Fir vill Membere vun der Arméi, déi meescht jonk Offizéier, déi am Movimento das Forças Armadas (MFA, "Beweegung vun den arméierte Kräften") organiséiert waren, war dat e Signal zum Opbroch.

De 24. Abrëll 1974 owes um 10 vir 11 gouf am Radio d'Lidd E depois do adeus ("Nom Äddi-Soen") vum Paulo de Carvalho gespillt - d'Signal fir den Opbroch fir d'Arméisunitéiten, déi sech zum MFA bekannt hunn. Als Revolutiounslidd gouf awer en anert Lidd berüümt: Grândola, Vila Morena ("Grândola, [vun der Sonn] brong Stad") vum antifaschistesche Liddermécher José Afonso, an deem d'Zeil "O povo é quem mais ordena" ("Et ass d'Vollek, dat kommandéiert") virkënnt.

Knapps 18 Stonnen duerno hat den MFA déi eelst Diktatur an Europa gestierzt. Si hunn d'Kommandante festgesat, an d'Ministèren, Radio- an Televisiounssenderen an de Fluchhafe besat. Ëmmer méi Truppen hu sech hinnen ugeschloss. D'Leit stoungen zu Dausende laanscht d'Strooss, fir se ze feieren, a séier kruten d'Zaldote rout Oeilleten (d'Symbol vun der Aarbechterbeweegung), déi se sech un hir Uniform oder an de Gewierlaf gestach hunn.

De Marcelo Caetano, dee sech an enger Kasär verschanzt hat, huet sech schlussendlech bereet erkläert, dem Generol Spínola, dem fréiere Gouverneur vun der Provënz Guinea-Bissau, d'Muecht z'iwwerginn. Dat war zwar net der MFA hire Wonschkandidat, mä si hunn awer zougestëmmt, fir d'Situatioun ze berouegen.

Direkt goufen och d'Agenten an Informante vun der Geheimer Staatspolice PIDE gesicht a verhaft, an déi politesch Gefaangen, déi dacks jorelaang ouni Prozess agespaart waren, goufe fräigelooss.

An den Deeg duerno si vill Leit aus dem Exil zeréckkomm, dorënner de Mário Soares (Sozialistesch Partei) an den Álvaro Cunhal (Kommunistesch Partei, PCP).

Den 1. Mee 1974 - déi éischt Kéier, datt eng Éischt-Mee-Feier konnt ofgehale ginn - war zu Lissabon e risegt Volleksfest. De selwechten Dag gouf en Amnestiegesetz erlooss, dat déi ronn 100.000 jonk Leit, déi aus der Arméi fortgelaf waren, oder sech virun der Rekrutéierung verstoppt hunn, nees an d'Legalitéit bruecht huet, éischt Schrëtt goufen an d'Weeër geluecht, fir d'Kolonialkricher op en Enn ze bréngen. D'Provënze Moçambique (Mosambik) an Angola goufen de 25. Juni resp. den 11. November 1975 onofhängeg.

 
Graffiti fir un d'Revolutioun z'erënneren.

Am Lissabonner Sportstadion, deen zanterhier Estádio 1º de Maio heescht, koume méi wéi 100.000 Leit zesumme fir ze feieren an de Riede vun de Gewerkschaftler Mário Soares vun de Sozialisten an Álvaro Cunhal, dem President vun der Kommunistescher Partei, nozelauschteren.

  • Capitães de abril, vum Maria de Medeiros (2000)
  • Cravos de abril, vum Ricardo Costa (1999)
  • A revolução de abril no Olhar de Carlos Gil vum Ivan Dias (2010)
  • Nachtzug nach Lissabon vum Bille August (2013)
  • Les grandes ondes (à l'ouest) vum Lionel Baier (2013)

Literatur

änneren
  • Raquel Varela: Die Arbeiterbewegung und die Rolle der Soldaten in der portugiesischen Nelkenrevolution, in: JahrBuch für Forschungen zur Geschichte der Arbeiterbewegung, Heft III/2011.
  • Klaus Steiniger: Portugal im April. Chronist der Nelkenrevolution. Verlag Wiljo Heinen, Berlin 2011. ISBN=978-3-939828-62-4
  • Dominique de Roux: Le cinquième empire, éditions Belfond, 1977. Éditions du Rocher, 1997.
  • Jaime Semprun: La guerre sociale au Portugal, éditions Champ libre, 1975.
  • Charles Reeve, Claude Orsoni et al: Portugal, l'autre combat, éditions Spartacus, 1975.
  • Yves Léonard: La révolution des œillets, éditions Chandeigne, 2003.
  • Charles Reeve: Les œillets sont coupés, Paris-Méditerranée, 1999.
  • Svenja Schell: Die Ursachen und Folgen der portugiesischen Nelkenrevolution, 2007.
  • Manuel von Rahden: Militär und Parteien wärend der Nelkenrevolution (1974–75). In: Marko Golder, Manuel von Rahden: Studien zur Zeitgeschichte Portugals. Hamburger Ibero-Amerika Studien Bd. 10, LIT Verlag, 1998, S. 107–218.
  • Willi Baer, Karl-Heinz Dellwo: 25. April 1974 – Die Nelkenrevolution. Das Ende der Diktatur in Portugal. In: Willi Baer, Karl-Heinz Dellwo (Hrsg.): Bibliothek des Widerstands. Bd. 15, Laika-Verlag, Hamburg 2012, ISBN 978-3-942281-85-0.

Um Spaweck

änneren
Commons: Carnation Revolution – Biller, Videoen oder Audiodateien