Edward Joshua Cooper

ireschen Astronom

Den Edward Joshua Cooper, gebuer den 1. Mee 1798 zu St. Stephen's Green, Dublin a gestuerwen den 28. Abrëll 1863 zu Markree Castle war en ireschen Astronom.

Edward Joshua Cooper
Gebuer 1. Mee 1798
St Stephen's Green
Gestuerwen 28. Abrëll 1863
Nationalitéit Irland
Educatioun Eton College,
Christ Church College
Aktivitéit Politiker, Astronom
Member vun Royal Society

De Cooper hat zu Eton an an der Oxford studéiert. Nodeem hie Markree Castle geierft hat, huet hie sech hei en Observatoire baue gelooss. Seng gréisst wëssenschaftlech Aarbecht war d'Publikatioun vun engem Katalog mat ronn 60000 Stäre (Catalogue of Stars Near the Ecliptic Observed at Markree). Weider hat hien och 7 Objete vum NGC-Katalog entdeckt.

Literatur änneren

  • Wolfgang Steinicke: Nebel und Sternhaufen. Geschichte ihrer Entdeckung, Beobachtung und Katalogisierung - von Herschel bis zu Dreyers "New General Catalogue" Books on Demand, Norderstedt 2009, ISBN 978-3-837083-50-7

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren