Den Giovannino Oliviero Giuseppe Guareschi, gebuer den 1. Mee 1908 zu Fontanelle di Roccabianca, engem Deel vun der Gemeng Roccabianca an der italieenescher Provënz Parma, a gestuerwen den 22. Juli 1968 zu Cervia war en italieenesche Journalist, Karikaturist a Schrëftsteller. Hien ass bekannt ginn duerch seng Romanfiguren, de kathoulesche Geeschtlechen Don Camillo a de kommunistesche Buergermeeschter Peppone.

Giovannino Guareschi
Gebuertsnumm Giovannino Oliviero Giuseppe Guareschi
Pseudonym Guareschi, Giovanni Guareschi
Gebuer 1. Mee 1908
Gestuerwen 22. Juli 1968
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Italien, Kinnekräich Italien
Aktivitéit Schrëftsteller, Journalist, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Romancier, Karikaturist

Don Camillo-Geschichten änneren

1946 koum am Guareschi sengem Blietchen Candido déi éischt vun den 347 Kuerzgeschichten iwwer de kathoulesche Paschtouer Don Camillo a säi Géigespiller, de kommunistesche Buergermeeschter Peppone eraus. Déi lescht huet d'Zeitung Oggi 1966 gedréckt. Dat heescht, d'Bucheditioune koumen an Italie bei Rizzoli eréischt 1948, 1953, an 1963 eraus; an dat véiert 1969,no sengem Doud.

Wou spillt et sech of? änneren

Den Numm vun der Stad, an där sech alles ofspillt, hat de Guareschi nëmmen an der alleréischter Geschicht geschriwwen, Pontenara, a wéi déi éischt Bucheditioun 1948 erauskoum, hat de Guareschi den Numm erausgeholl. Bei de Filmer ass et anescht. An deenen zwéin éischten huet d'Uertschaft keen Numm. Awer an deenen dräi aneren ass se einfach genannt ginn, wéi d'Klengstad wierklech geheescht huet, wou d'Filmer gedréit goufen, Brescello.

Wie spillt mat? änneren

  • Den Don Camillo.
  • De Giuseppe Botazzi, wuel besser bekannt ënner sengem Spëtznumm Peppone. Hien ass Mecanicien an, an deene meeschte Geschichten, Buergermeeschter, an dozou ass hie President vun der kommunistescher Partei an der klenger Stad.
  • Jesus.

Bicher änneren

Seng Bicher iwwer den Don Camillo änneren

  • Don Camillo (1948)
  • Don Camillo e il suo gregge (1953)
  • Il compagno Don Camillo (1963)
  • Don Camillo e i giovani d'oggi (posthum erauskomm, 1969)

D'Filmer an hir Receptioun änneren

Den éischte Film vun 1951 gouf 1953 Englesch synchroniséiert, mam Orson Welles als d'Stëmm vu Jesus um Kräiz, a gouf an den USA gewisen. De Succès war net terribel, well vun deenen anere Filmer ass kee méi iwwer de grousse Pull gaangen.

Aner Bicher änneren

  • La scoperta di Milano (1941)
  • Il destino si chiama Clotilde (1943)
  • Il marito in collegio (1944)
  • Favola di natale (1945)
  • Diario Clandestino 1943-1945 (1946)
  • Italia Provvisoria (1947)
  • Lo zibaldino (1948)
  • Corrierino delle famiglie (1954)
  • Vita in famiglia (1968)


Commons: Giovannino Guareschi – Biller, Videoen oder Audiodateien