Georges Ravarani

lëtzebuergeschen Jurist a Magistrat

De Georges Ravarani, gebuer den 1. Mee 1954 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Affekot a Magistrat.[1]

Georges Ravarani
Gebuer 1. Mee 1954
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Affekot, Riichter, Riichter um Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter

No senge Secondairesstudien (A classique) am Stater Kolléisch (1973) huet hien zu Grenobel Droit studéiert a mat enger Maîtrise ofgeschloss (1977). 2011 huet hien op der Universitéit Lëtzebuerg en Doktorat am Droit gemaach.[1]

Vun 1978 bis 1980 huet hie säi Stage als Affekot gemaach.[1]

Vun 1981 bis 1992 war hie Riichter um Tribunal zu Lëtzebuerg an duerno vun 1992 bis 1996 Affekot.[1]

Tëschent 1997 an 2007 war hie President vum Tribunal zu Lëtzebuerg.[1]

2008 gouf hie President vun der Cour administrative zu Lëtzebuerg a Vize-President vun der Cour constitutionnelle zu Lëtzebuerg.[1]

Den 1. November 2015 gouf de Georges Ravarani den Nofollger vum Dean Spielmann als lëtzebuergesche Riichter um Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter zu Stroossbuerg.[2],[3] Hie war och de Vizepresident vun deem Geriicht. Den 2. Mee 2024 gouf de Stéphane Pisani säin Nofollger.[4]

De Georges Ravarani, deen effektive Member vun der Section des sciences morales et politiques vum Institut grand-ducal ass, gëtt och - als professeur invité - Coursen op der Uni Lëtzebuerg.

Publikatiounen (Auswiel)

änneren
  • La responsabilité civile des personnes privées et publiques; Pasicrisie luxembourgeoise (Imprimerie Centrale), 2014 (3. Éditioun); 1393 Säiten. ISBN 978-2-87978-140-2

Gielchen

änneren

Referenzen

änneren
  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 Curriculum vitae vum Georges Ravarani op rtl.lu
  2. "EU-Geriichtshaff fir Mënscherechter: Georges Ravarani geet op Stroossbuerg." rt.l.lu, 24.06.2015.
  3. "PACE elects Georges Ravarani judge of the European Court of Human Rights in respect of Luxembourg." assembly.coe.int, 23.06.2015.
  4. "Elisabeth Margue félicite Stéphane Pisani pour son élection comme nouveau juge à la Cour européenne des droits de l'Homme." Communiqué op gouvernement.lu vum 24.01.2024.
  5. Memorial B N°101 vum 25. Oktober 2013 mat enger Lëscht vu Leit déi 2013 mam Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen