Gast Groeber

lëtzebuergesche Schrëftsteller

De Gast Groeber, gebuer den 1. Mee 1960 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Auteur.

Gast Groeber
Gebuer 1. Mee 1960
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Schoulmeeschter

Am Dezember 2014 gëtt seng Kuerzgeschichtesammlung All Dag verstoppt en aneren mat dem Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechent.

Am Abrëll 2016 krut en den europäesche Literaturpräis fir säi Buch All Dag verstoppt en aneren.[1]

Am November 2018 gewënnt hie mat der Kuerzgeschicht Aktuelle Wetterwarnung: überwiegend dichter Nebel de MEP-Präis beim Concours A European Story: EUPL Winners Write Europe.

Am November 2019 gouf seng Novell Zweemol schwaarze Kueder mat dem Coup de coeur vum Jury beim Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechent.

Publikatiounen änneren

Bicher änneren

  • De Griss., Roman fir Jonker, Esch-Sauer 2010, Op der Lay.
  • Manu, Roman, Esch-Sauer 2012, Op der Lay.
  • All Dag verstoppt en aneren, Kuerzgeschichten, Esch-Sauer 2013, Op der Lay.
  • Weekend mat Bléck op Fräiheet, Roman, Esch-Sauer 2015, Op der Lay.
  • Eng Stad ënnert dem Himmel, Kuerzgeschichten, Esch-Sauer 2016, Op der Lay.
  • Zweemol schwaarze Kueder, Novell, Esch-Sauer 2018, Op der Lay.
  • Nuetsfuerer, Roman, Esch-Sauer 2021, Op der Lay.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Gast Groeber erhält Europäischen Literaturpreis op wort.lu vum 5. April 2016