Alphonse Claude du Pasquier

De Barong Amour Alphonse Claude du Pasquier de Dommartin, gebuer den 30. Mäerz 1792 zu Iechternach, a gestuerwen den 1. Mee 1872, war e lëtzebuergeschen Industriellen a Schmelzhär.

Alphonse Claude du Pasquier
Gebuer 30. Mäerz 1792
Gestuerwen 1. Mee 1872
Nationalitéit Lëtzebuerg

Hien hat 1820 sengem Schwéierpapp, dem Joseph de Blochhausen, déi Colmer Schmelz an d'Schlass ofkaaft. 1845 huet en déi ganz Proprietéit un de Kinnek-Groussherzog Wëllem II. verkaaft.

Famill änneren

 
Wope vun der Famill du Pasquier de Dommartin

De Claude du Pasquier war de Bouf vum Michel Ignace du Pasquier an deem senger Fra Marguerite Madelaine de Blair. Hien hat ee Brudder, de Charles Hippolyte du Pasquier.

Den 8. Oktober 1816 huet hie sech mat der Hyacinthe de Blochausen (1793-1843) bestuet an d'Koppel krut dräi Kanner.